Den däitsche Dichter Jean Paul sot emol, de Mënsch wier nie sou schéin, wéi an deem Ablack, an deem e géing ëm Verzeiung froen oder engem anere verzeien. Op d’Thema Verzeien ass och d’Josiane Hoffmann bei senger Zeitungslektür gestouss.

Desläscht sinn ech, wéi ech dat regelméisseg maachen, duerch di virtuell Säiten vun engem groussen däitsche Wochemagazin gaangen. Bei engem Interview mam amerikanesche Psychologieprofesser Robert Enright sinn ech besonnesch hänke bliwwen. Den Titel dovunner: «Wéi verzeit ee Saachen, déi eigentlech net ze verzeie sinn».

Verzeien, also de bewosste Verzicht drop, deem aneren dat Onrecht, wat en engem gedoen huet, nozedroen, ass natierlech keen neit Thema. Virun 30 Joer, wéi den Enright sech fir d’éischt wëssenschaftlech mam Sujet befaasst huet, wor hien awer nach e Pionnéier op dësem Gebitt.

Bei senge Feldfuerschunge wier dem Professer nach nie eng Dot begéint, déi sou schlëmm wor, datt se net hätt kéinte verzië ginn. Dës Ausso huet mech op den éischte Bléck gewonnert, well mir direkt e puer Saachen agefall sinn, deenen hiert Ausmooss ze grouss schéngt, fir verzien ze ginn. Wann een dann awer liest, datt den Enright e komplexe Véier-Phase-Modell entwéckelt huet, deen och an Extremsituatiounen e Verzeien erlaabt, mécht dat alles Sënn. 
 
De Robert Enright betount, an do ginn ech ganz mat, datt de Schrëtt vun der Verzeiung net heescht, datt een d’Onrecht, wat engem geschitt ass, vergësst. E bedeit och net, datt een alles gutt heescht oder entschëllegt. Genee dat wier am Fuerscher sengen Aen nämlech onmoralesch. Verzeien ass sécher net einfach, sou den Amerikaner, virun allem net, wann engem deen anere ganz no steet. Verzeie brauch seng Zäit, oft Joeren a Joerzéngten.

Wie verzeit, hëlleft awer, sou de Robert Enright, senger psychescher Gesondheet an heelt sech selwer. En erënnert sech zwar weiderhin un d’Verletzung, mee dës Erënnerunge quälen a verfollegen en neméi. En acceptéiert dat, wat geschitt ass. Säi Selbstwäertgefill geet hei an d’Luucht, Angschtstéirungen an depressiv Symptomer ginn zréck. Den Optimismus an d’Empathie huelen zou.

Verzeie heescht jo, datt een ophällt, eppes no-ze-droen. Bildlech gesi leet een also quasi e schwéiere Steen of, deen een um Réck leien huet an engem aneren oder sech selwer mat vill Méih permanent hannendru schleeft. An déi Laascht bewosst ofzeleeën, aktiv ofzelueden, mécht méi liicht. Et befreit ee sech also selwer. Ass dat dann net eng schéi Virstellung?