... oder wat esou e Literatur-Klassiker alles ausléise kann. D'Christiane Kremer huet dem Albert Camus en Apropos geschriwwen.

Léiwen Albert Camus, ech wollt Äert Meeschterwierk hei net resuméieren, kommentéieren oder als Buch vun der Woch presentéieren. Dat muss ech och net, well dëst Buch ass an der Tëschenzäit nees e Bestseller ginn, vrun allem a Frankräich an an Italien, an dat 73 Joer nodeems et erauskomm ass.

Neen, ech wollt Iech just soen, wéi dat Buch mech elo nees gepaakt huet, mol manner mat dem Inhalt, och wann ech tatsächlech nees ugefaangen hunn et ze liesen, wéi vill méi mat dem Objet Buch selwer. Et ass nämlech d'Exemplaire, dat ech op 2e gelies hunn an an deem ech elo all meng Notize vun deemools erëmfannen. Notizen, déi mech op vill Manéiere beschäftegen: vun der klenger awer däitlecher Handschrëft a vun den eegenen Iwwerleeungen, déi ech do mat 17 Joer néiergeschriwwen hunn.

Mä virun allem katapultéiert dat Ganzt mech an eng aner Zäit. Deemools war ech um Wee an d'Erwuessene-Sinn, op der Sich no allem, hunn no vir op d'Aarbechtsliewe gekuckt, zu enger Zäit, déi kale Krich geheescht huet, wou an Europa eng Mauer stoung, wou am Iran aus engem Keeserräich e Gottesstaat gouf an zu Harrisbourg en Atom-Accident war.

Sou vill Aktualitéit, déi eis Jonker deemools beschäftegt huet, déi bei eis Hoffnungen an Ängschten ausgeléist huet. An déi mer och fonnt hunn an Ärer Geschicht vun enger laang vergiessener Epidemie, déi nees optaucht an d'Mënschen an Ofhängegkeet, Onfräiheet, Monotonie, Isolatioun an an Angscht dreift. Se war wuel vrun allem politesch geduecht um Enn vum zweete Weltkrich.

An elo liesen ech se nees 2020, kucken éischter zeréck op d'Aarbechtsliewen, an enger Welt, wou zwar keng Mauer méi steet, mä aner Grenze kommen a Kricher alles aneres wéi kal sinn an ë.a. am Numm vu Gott gefouert ginn. Oder géint e Virus.

Et fanne sech Parallelen zu deem, wat mer haut grad erliewen, wéi mer et erliewen a wéi mer dermat liewen.

« Les hommes sont plutôt bons que mauvais », schreift Dir « et en vérité ce n’est pas la question. » Mä d'Fro wier déi, ob sou en Evenement eis besser mécht, eis an eis Welt, oder ob et awer um Enn eis manner schéi Säite weist.

Eng spannend Fro, och haut, Här Camus!