Wa mir an de leschte Wochen eppes geléiert hunn, dann ass et, datt d‘Gesondheet dat Allerwichtegst ass. An datt doheem bleiwe keng Strof muss sinn, mengt de Guy Seyler am Apropos vun haut.

28/03/2020 Apropos "Doheem bleiwen"

Wat ass eigentlech Gesondheet?

De verstuerwenen däitschen Internist Rudolf Gross huet emol gesot: „Gesond ass nëmmen deen, deen sech net ze vill ënnersiche léisst“.

Dorun hunn ech geduecht, wéi et geheescht huet, et wiere vill Leit mam Corona Virus infizéiert, ouni et ze wëssen. Wat du awer ëmmer méi Leit getest gi sinn, wat d’Zuel vun den Infizéierte geklommen ass.

Déi Mesuren, déi doropshin geholl goufen, hunn net jidderengem ageliicht. Et war en Aschnëtt an dat ëffentlecht Liewen, an eis perséinlech Fräiheet.
Doheem bleiwe war d’ Direktiv! Déi sozial Kontakter sollten op e Minimum reduzéiert ginn.  Dat ware mir net méi gewinnt.

Näischt maachen, wat ass dat? Mir hetzen duerch den Alldag. Mir fuere permanent um Limitt? De Gas bis ënnen of gedréckt.
An elo, op eemol, sollte mir Zäit fir eis selwer hunn. Fir eis Famill, fir eis Kanner.

Ass dat dann net emol eng Geleeënheet, eis Gewunnechten, eis Ambitiounen ze iwwerdenken?
Wier et esou schlëmm, wa mir e bësse géifen zréckschrauwen? Eis heiansdo emol mat wéineg oder mat manner zefridde ginn?

Solidaritéit réckelt an d’Plaz vum Egoismus. Eisen Noper, mat deem mir bis elo wéineg Kontakt haten, bitt eis spontan seng Hëllef un. Mir gesinn, wéi wichteg eis Frontaliere sinn.

Alles, wat mir elo net méi däerfen, muss kee Verzicht sinn. Et kann eng Chance sinn. Eng Chance, eist Liewen nei ze organiséieren.

Den Dalai Lama sot: „Mir liewen, wéi wa mir ni géife stierwen. Um Enn stierwe mir dann, ouni richteg gelieft ze hunn“.