Europameeschterschaft, olympesch Spiller, Weltausstellung – vill Diskussiounsthemen dréinen an de läschte Wochen drëm, op a wéini een des an aner grouss Eventer nees kann organiséieren. De Camille Ney huet sech och, no räifer Iwwerleeung, mat deem Thema beschäftegt…

Apropos: Brot und Spiele

Erlaabt mer, ier ech zu deem eigentlechen Thema kommen, nach dëst ze erklären: des Rubrik „Apropos“ deele mir eis hei bei RTL ënnert e puer Leit op, esou dass een all puer Wochen dru kënnt fir – ech nennen et elo emol esou – „iwwer Gott an iwwer d’Welt“ ze schwätzen. Jidderee sicht säin Thema fräi eraus. Ech wousst also och schonn zanter e puer Wochen, dass et dëse Samschdeg nees u mir wier an hat mir a sech geschwuer an dësen zwou Minutten näischt zur aktueller „Corona-Kris“ ze soen, well dat Thema schonn zanter Wochen a Méint d’Antenn hei mobiliséiert. Zemools och net zanter leschte Samschdeg, wou mäi Kolleeg Guy Seyler déi hoffentlech positiv Auswierkungen op eist Zesummeliewen no der Kris thematiséiert hat, wat mir och um Häerz louch, fir an dësen Zäiten net nëmmen negativ ze denken. Esou hunn ech also no Theme fir haut gesicht an dobäi ass mir bewosst ginn, a wéi enger Form dee Virus eist alldeeglecht Liewe bestëmmt an dass et wuel eng Saach vun der Onméiglechkeet wier, e Commentaire ofzeginn, deen net awer iergendwéi mat deem ze dinn hätt. An esou wor et dunn och!

Flashback: E Mëttwoch 11. Mäerz hätte keng 10 Päerd mech méi um 18.00 Auer owes um Büro gehal. Ech hu missen heem, well um 18.30 de rheineschen Derby an der Bundesliga ugepaff gouf! Borussia Mönchengladbach géint den 1. FC Köln. Fir mech zanter Joer an Dag esou eppes wéi eng Houmass, an där ee muss an der éischter Rei sëtzen an e Match, bei deem d’Gefiller esou héich schloen, dass de Dech vergëss, am Gudde wéi am Schlechten. Frot mech net firwat dat esou ass, dat ass einfach esou. Jiddereen, dee bal scho fanatesch zu enger Fussballekippe hält, dee weess firwat. Mee dee Mëttwoch war alles anescht: et war deen éischte Bundesliga-Match zanter 1963, deen an engem eidele Stadion gespillt gouf, ouni Supporter. Keng Stëmmung, wéi eng Zopp ouni Salz. Ech souz do mat mengem Fils an eis Equipe huet och nach 2-1 gewonn. Normalerweis wiere mir do komplett aus dem Haische gewiescht an dat hätt och nach eng Woch ugehal, mee hei war op eemol alles anescht! Emol keen Hauch vum Pir Kremer sengem FC Schinnegebeess géint den FC Flappech. Freed jo, mee vun där soss normaler, ausgeflippter Extas keng Spuer. De Grond: eise Covid-19, deen d’Reegele vum Spill vun deem Match matbestëmmt huet.

Des Woch koum dann elo d’Nouvelle, dass d’Bundesliga am Mee nees mat esou Geeschtermatcher soll ugepaff ginn. A sech, ideal Bedingungen: d’Leit sinn och bestëmmt dann nach all doheem, Sky an hir Annonceuren op der Telé misste sech kënnen iwwer Rekord-Aschaltquoten an nei Abonnente freeën…, mee firwat hält sech d’Begeeschterung doriwwer a Grenzen? Panem et Circenses. Brot und Spiele. D’Welt muss weider rullen, de Rubel och! Och wann d’Zopp net schmaacht! Am e-gaming suergt jo och eng artifiziell Intelligenz fir spontanen Applaus – dee kann ee jo och bei esou Matcher virtuell aus der Stuff vun all Supporter bäimëschen an esouguer iwwer d’Lautsprecher am Stadion, fir dass d’Spiller an d’Arbitteren op eemol d’Gefill kréien, et wier alles ewéi fréier…? An esouguer ouni Rassismus, Pyrotechnik, Sécherheetsproblemer an Anti-Hopp-Campagnen! Nee, näischt ass wéi fréier a geschwënn wäert och dee leschte bekäppt hunn, dass eis Welt net méi dréit, ewéi fréier… och fir déi schéinsten Niewesaach op der Welt, a wann et dann ebe Geeschtermatcher musse sinn!

A wësst Dir wou ech dann owes sëtzen? Ma natierlech als Ghostbuster virun der Këscht – et winnt ee sech jo schliisslech un alles…