Ausnamezoustand, Stëllstand a waarden! 3 Wieder, déi elo bei déi momentan Situatioun passen. Och Lëtzebuerg waart bis dee Coronavirus nees fortgeet, verschwënnt oder kann eliminéiert ginn. Waarden ass schwéier fir déi meescht Mënschen. Dozou zielt och d'Marie Gales a probéiert deen Zoustand iergendwéi ze iwwerbrécken.

Apropos Lafen

An zwar mat Lafen. Nee keng Angscht dëst soll kee Plädoyer gi wéi fit an immens trainéiert ech sinn. Ech kann och net ausstoe wa Leit mat hire Lafzäite pralen a vill Gedauschs ëm hiert Lafe maachen. Dee wierklech gutt leeft, dee schwätzt guer net mat mir driwwer, well en direkt erkennt, dass ech en normalen Jogger sinn. Bei mengem Lafen an ech si mir sécher bei deene meeschte, geet et dëser Deeg ëm eppes Aneschtes. An ech gesinn der vill dobausse lafen, net eleng wéinst dem gudde Wieder.

Ech weess och, lafe mécht süchteg. Leeft ee vill, mengt een et misst een ëmmer nees lafe goen. An da kënnt een op Iddien, Marathone lafen oder souguer nach méi wäit! Schéin a gutt, ech war och an déi Lafspiral geroden. Nieweneffekt et gëtt ee richteg onsozial. Et leeft ee just nach an et gesäit ee kee Mënsch méi. Keng Zäit, muss trainéieren. En plus mat mengem Job war et net immens op en Nenner ze bréngen, ech wollt och am Fong nach aner Saache maache wéi Frënn a Famill begéinen an nach méi!

Dofir gouf dat massiivt Lafen erofgeschrauft a Sport zu puer bedriwwen, Fitness dobaussen an och lafe mat Frënn a Mann. Bis dee Coronavirus koum. Home-Office huet de Virdeel, dass ee kee Stau huet a sech net immens muss opriichten; allerdéngs groussen Nodeel, et sëtzt een nonstop. Wat maachen? Ech ginn net gär einfach sou ze Fouss, also koum Lafen nees an d'Spill.

An ech muss soen, beschten Iddi, déi ech dëser Deeg hat. Ech beweege mech an dat Allerwichtegst dat Lafe gëtt mir e Gefill, dass ech virun deem Virus fortlafen. Fort vun där traureger Situatioun, an där mir all dra sinn. Natierlech denkt een och vill no wann ee eleng lafen geet. Ass net ëmmer schéin an et kënnt och mol vir, dass ech ënnerwee kräische muss wann ech u meng Famill denken, déi voll mat ale Mënschen ass an ech Angscht hunn se net méi lieweg erëm ze gesinn.

Ech denken un all déi, déi gestuerwe sinn; déi, déi ee léiwe Mënsch verluer hunn! Un all déi, déi an engem Gesondheetsberuff schaffen an all dat an der éischter Rei erliewe mussen.

Ech vermësse meng Frënn, och déi, déi soss nieft mir lafen a mat deenen ech da geschnësst hunn.

An awer lafe bréngt mech weider, och wann ech ëmmer nees u mengem Point de Depart ukommen, also doheem. Dat Fortlafen hëlleft alles besser ze verschaffen. A wien net lafe kann oder wëll, egal trëppelen hëlleft och! Haaptsaach et bleift een a Beweegung.