Vun "1984" iwwer "The Handmaid's Tale" bis bei "Hunger Games": dystopesch Romaner a Filmer hunn dacks e grousse Succès. Just, dass mir elo alleguer an enger Dystopie ukomm sinn, mengt d'Bea Kneip am Apropos vun haut.

Um Ufank vun engem dystopesche Roman steet meeschtens eng Katastroph: E Krich, eng Naturkatastroph oder eben eng Pandemie. D'Apokalypse spléckt d'Zäitrechnung an e Virdrun an en Duerno. Meeschtens ass dee Wiessel ganz abrupt an onerwaart, et bleift keng Zäit fir sech drop virzebereeden. D'Erausfuerderung ass ëmmer déi selwecht: wéi kann d'Gesellschaft sech nei organiséieren fir mat der verännerter Situatioun eens ze ginn? Wat kënnen d'Mënsche besser maachen, wat hunn se aus der Kris geléiert, awer och: wat riskéiert dobäi fatzeg schif ze goen?

D'Ausgangssituatioun ass dacks fir d'éischt emol dee renge Chaos, et ass eng Phase an der d'Romanhelde probéieren ze verstoen wat eigentlech geschitt ass. Wann een eis aktuell Situatioun mat esou engem Roman vergläiche wëll, dann hate mir e bësse méi Chance. Sou ganz onerwaart si mir net getraff ginn. Pandemien goufen et scho méi dacks, nei ass just, dass déi heite sech am gefillten Null komma Näischt iwwert dee ganze Planéit ausgebreet huet. Wéi genee et esou wäit komme konnt a wat mir dogéint maache kënnen, och dat wësse mer an de graffen Zich. Allerdéngs léieren och d'Experten nach all Dag dobäi. Villes ass gewosst awer eben nach net alles. Onkloer ass och wéi sech eist Zesummeliewen an Zukunft entwéckele wäert, sécher ass just: et gëtt ni méi esou wéi virdrun.

Flexibilitéit ass elo gefrot, Courage, Gedold a Kreativitéit. Awer och: Empathie a Solidaritéit. Getraff si mer alleguer, awer net all op déi selwecht Manéier. Iwwerdeems déi eng d'Zwangspaus notze kënnen fir am Gaart ze schaffen, geet et fir déi aner un d'Liewegt. Existenze stinn um Spill, a schlëmmer nach, Liewen. Op der ganzer Welt spillen sech grujeleg Zeenen of. Famille ginn ausernee gerappt, Mënsche stierwen ouni hire Léifste kënnen Äddi ze soen. D'Grenze sinn zou, bis virun e puer Wochen nach onvirstellbar. Mir fillen eis veronséchert, hunn d'Kontroll iwwer eist eegent Liewe verluer. Vill vun deenen alldeegleche Fräiheeten déi fir eis bis elo selbstverständlech waren, hu mer virleefeg verluer.

Wéi dësen dystopesche Roman mam Titel "Corona" ausgeet, wësse mir nach net. Mä et ass un eis alleguer fir e puer Zeile dovu matzeschreiwen fir hoffentlech eng Kéier op en Happy End ze kommen.

Apropos: Eng Dystopie