D’Coiffeurssalonen si wärend dem Confinement zou. Trotz éischte Lackerunge wäert et wuel nach eng Zäitchen daueren, bis di Professionell aus dësem Kontaktberuff hir Aarbecht nees ophuele kënnen. Dat suergt fir eng ferm Kris op eise Käpp, méngt d’Josiane Hoffmann.

Ech si mer duerchaus bewosst, datt et am Moment vill méi Schlëmmes gëtt, wéi net kënne bei de Coiffeur ze goen.

Di éischt Deeg vum Confinement huet ee sech jo och nach keng richteg Suergen iwwert seng Coiffure gemaach. Et huet ee sech virun allem mol missen un di ongewinnt a beängschtegend Situatioun upassen.

De wëlle Look uewen um Kapp huet en plus nach perfekt zu der neier Coronatenue, deem gudden alen Jogging, gepasst. An éierlech, et wor engem jo och zimmlech egal, wi een doheem ronderemgelaf ass. Ausser der engster Famill huet ee souwisou kee méi gesinn.

Spéitstens di zweet Woch vum Lockdown gouf et fir vill Leit schonns méi schwiereg. Nieft der sanitärer huet sech lues a lues eng kapillär Kris ofgezeechent.

Bei de gefierften Hoer sinn d’Usäz ëmmer méi grouss ginn, d’Coupën sinn aus der Form geroden, d’Bäert an d’Hoer a Richtung Robinson-Crusoe-Look gewuess. Och d’Videokonferenzen am Homeoffice si méi quokeleg ginn. Am labbere Meeting mat den Aarbechtskollegen hu mësslongen Hoerexperimenter nawell fir Gespréich gesuergt.

Mëttlerweil hëllefen och de Mascara, Pudder oder Spray fir den Usaz neméi vill. A wärend mir eis an der Ëffentlechkeet säit e Méinden d'Hallschent vum Gesiit mat Maske verstoppen, decke mer op eise Käpp ëmmer méi onbequem Wourechten op. Datt eis schéin natierlech brong Faarf a Wierklechkeet aus dem Tub koum, datt mer keng blond, mee wäiss Hoer hunn, datt ënnert eisen décke Krauselen no enger Tondeuse-Behandlung en Eeërkapp ze fannen ass...

D’Leit, déi selwer d’Schéier respektiv d’Supermarchésfaarf an d’Hand geholl hunn, hu spéitstens lo misse feststellen, datt Coiffeur e richtege Beruff ass an di dräijäreg Ausbildung net vu Muttwëll.

Och wann an de Medien eng Hällewull Tipps vu Starfigaroë fir d’Coupe doheem kurséieren, kritt definitiv keen d’Hoer besser a Form wéi de Profi selwer.

Den Desaster op eise Käpp ass zum Gléck net fir ëmmer. Et wiisst alles irgendwann no, respektiv eraus, mee schlecht Coiffurë knabbere ferm un eisem Selbstbewosstsinn - grad an der Kris.

An deem Sënn: En Héich op all di Professionell aus dem Coiffeurssecteur, vun deenen der vill momentan ëm hir Existenz baangen. E grousse Merci fir di wäertvoll an ustrengend Aarbecht, déi si d’ganzt Joer iwwer fir eis leeschten!