Hänn desinfizéieren, Mondschutzmasken a social distancing, en Trio dee mëttlerweil zu eisem Alldag gehéiert, ewéi iessen, drénken an Zänn wäschen. An et wäert wuel nach e gudde Strapp esou bleiwen. Och wa villes eis den Ament wuel nervt a schwéier fält: All desagreabel Situatioun huet och eppes Guddes.

Dëser Deeg hunn ech mer mol e puer Gedanken iwwert déi eng oder aner Formulatioun gemaach, déi zu eisem alldeegleche Sproochgebrauch gehéiert. Engem ze no op de Pelz réckelen, sech ee vum Leif halen. A virun allem den Ausdrock: Sech vun eppes oder vun engem distanzéieren. Et si keng eidel Wierder méi, et ass eng nei Realitéit. Ongewinnt, onkamoud awer absolut néideg. Deenen enge fält et vläicht méi liicht, resp. schwéier wéi deenen aneren. Wie bis ewell mat wéineg soziale Kontakter am Liewe konnt auskommen, wäert se noutgedrongen och manner vermëssen, ewéi geselleg a kontaktfreedeg Leit. Mä fir si alleguer gëllt: De Mënsch brauch d'Beréierung. Net nëmmen de Mupp wëll geheemelt ginn, och mir kënnen net éiweg op Kierperkontakt verzichten, weder aktiv nach passiv. Iergendwann huet een dach de Besoin, engem aneren d'Hand ze ginn, ëm op Schëller ze klappen, en an den Arem ze huelen, eng Bees op de Bak ze drécken. An dat wäert jo och nees eng Kéier esou sinn, déi schéinste Freed ass bekanntlech d'Virfreed. Mir dierfen awer net presséiert sinn, och wann de Gedoldsfuedem mat all weiderem enthalsamen Dag eng Grimmel méi dënn gëtt. Dowéinst sollte mer vläicht probéieren, aus der Nout eng Dugend ze maachen, wat jo näischt Neies ass. Mä wa mer déi Distanz dann mol als eppes Sënnvolles a Léierräiches géinge gesinn. De Bléck vu baussen, manner involvéiert, manner subjektiv, méi neutral, méi "distanzéiert". Et kann een et op alles projezéieren, op all Situatioun, op all Aktioun, all Diskussioun, all Meenung. Mat e bësschen Ofstand, och zäitlech, gesäit esou munches dacks anescht aus, wéi et engem am éischte Moment virkënnt. An déi eege Reaktioun fält och vläicht anescht aus, wéi ugangs erwaart.

Et ass just eng Iwwerleeung, méi net. Ech sinn och nees frou, wann eis Welt op en Neits normal dréint, mat all deenen Topegkeeten, déi een dann erëm am Alldag nerven. Virausgesat mir hunn aus deem Ganzen e puer kleng Saache geléiert. Och, datt Distanz duerchaus positiv Eegenschafte kann hunn, an datt verschidden Distanze gäre kënne bäibehale ginn. Op der Autobunn z.Bsp., am Stoussverkéier oder wann der e Vëlo iwwerhuelt: Annerhallwe Meter a gären och nach e bëssche méi. Klamer zou. Alles gëtt gutt ...