Zënter leschtem Joer ass den 9. Mee Feierdag zu Lëtzebuerg! Domadder hu mer dem Europa-Dag jo e besonnesche Stellewäert ginn! Dat passt sech jo och fir e Land, dat zu den eelsten EU-Membere gehéiert an an deem eng Uertschaft de symbolträchtegen Numm "Schengen" dréit. Mä scho fir déi zweet Editioun vum Europa-Feierdag ass alles anescht.

09/05/2020 Apropos "Europa ouni Conditionnel"

Mir kruten en ouni e gefrot ze hunn. Mir hunn en akzeptéiert a waren net onglécklech, ëmmerhin hate mer lescht Joer domadder e Bréckendag gebaut a konnten am Feierdagsmount Mee schonn direkt e laange Weekend plangen.

Dëst Joer fält deen 9. Mee op e Samschdeg, dat ass an der Reegel fir déi meescht souwisou schonn e fräien Dag, op deem een nawell gär shoppe geet. Mä dat géif dann näischt ginn. Dofir hätten op mannst awer all déi fräi, déi an der Geschäftswelt schaffen.

"Géif" an "hätten", Wierder am Conditionnel, déi passen, well jo sou guer näischt passt. Well jo souguer näischt ass, wéi erwaart. Mir halen eis ee vum aneren ewech a bleiwen schéin doheem. Schaffe vun do a ginn do an d'Schoul. Ok um 9. Mee dann net, well et ass jo Feierdag. Mä kritt een iwwerhaapt nach mat, wéi en Dag ass? Wietes oder sonndes oder Feierdag?

Oder Europadag?

Kritt een dat wierklech mat? Elo, wou Distanzen opgebaut a Grenzen zougemaach goufen. Well e Virus keng Grenze kennt. Wéi wann e sech da vu Kontrolle géing ophale loossen?

"Wann déi physesch Distanz sech vergréissert, da muss déi emotional Distanz ofhuelen, soss riskéiere mer psychesch Probleemer", sot virun e puer Deeg e Psycholog mir an engem Interview. Dat heescht: wat ee méi wäit vun eneen ewech ass, wat ee sech gefillsméisseg muss méi nokommen.

Mol ugeholl déi physesch Distanz steet hei fir déi nach ëmmer existent Grenzkontrollen, da wier et deemno wichteg, déi emotional Distanz tëscht den EU-Länner ze reduzéieren, well mir brauchen e gemeinsamt Gefill vu Solidaritéit an Zusammenhalt trotz a virun allem wéinst der sanitärer Kris.

Dat wier dann e gudde Grond fir den 9. Mee ze feieren, den Europadag, 75 Joer nom Enn vum Zweete Weltkrich. An hoffentlech ouni Conditionnel!