Gesonde Mënscheverstand ass kee Geschenk, et ass eng Strof. Et muss een nämlech mat all deenen eens ginn, déi keen hunn. Op dat Zitat baséiert sech de Guy Seyler a sengem Apropos vun haut.

Apropos "Gesonde Mënscheverstand"

An der Pandemie huet eis Regierung mat Zäiten déi richteg Mesure geholl. Doriwwer war jiddereen sech eens. Am Ufank jiddefalls.
Mee wat de Lockdown méi laang gedauert huet, wat d’Ongedold méi grouss ginn ass. An d’Kriticken méi haart gi sinn. An eisen Nopeschlänner hunn de leschte Weekend dausende Mënschen géint d’Corona Mesuren demonstréiert.

Déi ganz Direktive wieren diktatoresch. Alles géif vun uewen erof opgezwonge  ginn. Déi perséinlech Fräiheet bléif op der Streck. Schliisslech hätt jiddereen  genuch gesonde Mënscheverstand fir ze wëssen, wat richteg ass.

Ass dat esou? Wéi déi éischt Corona-Partye gefeiert goufen, konnt ee feststellen, datt de gesonde Mënscheverstand net iwwerall d’selwecht verdeelt ass.

Datt d’Police an de Supermarchéen huet missten intervenéieren, well do Clienten sech ëm den Toilettëpabeier zerklappt hunn, ass och kee Beweis vu gesondem Mënscheverstand.

An der Politik gëtt de Slogan vum gesonde Mënscheverstand dacks populistesch agesat. Wann de brasilianesche President vun enger Corona Hysterie schwätzt, de wäissrussesche President dat ganzt eng Psychose nennt, dann ass dat genee esou irresponsabel, wéi déi lasch Ufanksreaktiounen an England an an Italien.
Wann den Donald Trump mengt, Desinfektiounsmëttel am Kierper géif virum Virus schützen, da muss een u sengem Verstand zweiwelen.

Am Krich géint de Virus ass de gesonde Mënscheverstand déi beschte Waff – sot e Virolog. Mee leider stinn déi meescht vun eis mat eidelen Hänn do!

Och am alldeegleche Liewen zweiwelt een dacks um gesonde Mënscheverstand. De Lëtzebuerger Steierzueler muss all Joers 2 Milliounen Euro berappen, fir deen Dreck anzesammelen, deen duerch d’Autosfënster entsuergt gëtt.

Reegelméisseg mécht d’Police en Zeienopruff, well erëm iergendeen säin Offall an de Bësch getippt huet.

Am ëffentlechen Transport fueren all Dag Leit mat, déi ongenéiert d’Féiss op de Sëtz leeën. De Kontroller gëtt menacéiert.
Vandalismus ass omnipresent. Verstand ass bei esou Individuen e raren Artikel.

Da ginn et ganz Onbeléierbarer, déi sech och mat 2 Promill nach hannert d’Steier setzen an domat sech an anerer a Gefor bréngen.

De gesonde Mënscheverstand ass e bëssen wéi en Deodorant. Déi Leit, déi en am néidegsten hunn, benotzen en net. Oder si huelen een, deen ongesond ass.