Verlaangert Dir och nom Stau? No ze spéit kommen duerch de Stau? Net, dass dat schéi wier, mä fir d‘Marie Gales géif dëst e Stéck Normalitéit bedeiten.

Audio Apropos Gewunnecht

Natierlech fannen ech Stau net gutt, op dëser Plaz hunn ech mech schonn s dacks driwwer ausgelooss. Mä iergendwéi hätt ech domadder nees e Gefill vu Gewunnecht, dass et wéi ëmmer wier. Och wann ech mir virun der Pandemie dacks wéi an engem Hamsterrad virkomm sinn, dorunner war ech gewinnt a konnt domadder ëmgoen.  Elo sinn d'Stroossen an d'Autobunnen éischter eidel an ech ka mech doriwwer net freeën! Ech komme mir mat Amenter vir wéi an engem dystopesche Film, an deem et schlecht ausgaangen ass fir d'Mënschheet.

Et ass net nei de Mënsch ass e Gewunnechtsdéier an deet sech schwéier mat Verännerung. A wa se nach sou kleng ass wéi eng 5 Minutten mussen éischter opstoen. Dat schonn s iwwerfuerdert munch een!

Total op d'Kopp gehäit dann e Virus déi ganz Welt, mat engem weideren Nodeel, dass net vill iwwert dee gewosst war an et keen Impfstoff bis elo géint dëse gëtt.

Et ass och méi ustrengend fir net a Routine ze liewen a sech dacks op nei Situatioune mussen anzestellen. De Kierper an och eise Geescht hunn d'Gefill a Gefor ze sinn an op der Lauer mussen ze leie fir ze checke wat als nächst geschitt. Déi Sécherheet, déi eis eng Gewunnecht vermëttelt, ass fort.

Amplaz dann hektesch duerch d'Géigend ze lafen an net ze wësse wat fir eng Richtung aschloen, ass et wierklech dat Bescht sech roueg ze verhalen, stoen ze bleiwen an ze checke wat ee soll maachen. Schwéier fir eng Mënschheet, déi konstant a Beweegung ass.

Direkt gëtt no der perséinlecher Fräiheet reklaméiert! Wat, kann ech elo net méi ëm dës Auerzäit a mäi Supermarché? Ah nee, ech ginn ëmmer mam Hond a mat mengen Noperen trëppelen! Wéi, de Fitness ass zou an de Café/Restaurant och? Ech dierf kee méi ëmäermelen an zerkussen?

Dass all dës Mesure geholl goufen fir d‘Mënschen ze schützen, gouf beim Gesouers dacks vergiess! Ze grouss war d‘Trauer ëm déi verluere Routine!

Net just, dass de Virus eis Gewunnechte futti gemaach huet, en huet och gewise wéi fragil mir eigentlech sinn a wéi séier eng opgebauten Existenz ruinéiere kann. A mir konnten eis och mol bewosst ginn, dass et fir vill Mënschen op der Welt all Dag Corona ass. Just do huet et en aneren Numm: Krich, Gewalt, Krankheet, Honger oder soss e Misär, dee leider keng bequem Routine opkomme léisst.