Wann ee stur d’Luucht aus kuckt, riskéiert een iwwer seng eege Féiss ze falen, mengt d’Bea Kneip am Apropos vun haut.

Apropos: An 90 Minutte ronderëm d'Welt

Reesen ass an Zäite vu Corona alles mä net evident. Scho guer net eng Rees ronderëm d’ganz Welt! Dat woufir dem Jules Verne säi Romanheld Phileas Fogg nach 80 Deeg gebraucht huet, ass haut a ronn 90 Minutte méiglech. Sou laang brauch d’International Space Station, kuerz ISS fir eng Kéier de Globus z’ëmrënnen. Zënter dem leschte Weekend sinn och 2 US-amerikanesch Astronaute mat u Bord. Dass d’USA no laange Joren nees Mënschen an d’Weltall geschéckt huet, gouf an dem nordamerikanesche Land dann och richteg gefeiert. Hei ënnen op der Äerd gouf et iwwerdeems net vill ze feieren. No dem brutale Mord um George Floyd gouf d’Land vu grousse Protestaktioune gerëselt. Wéi ass et méiglech, dass d’Mënschheet no de Stäre gräift, iwwerdeems fundamental Mënscherechter nach ëmmer keng Selbstverständlechkeet sinn? Jo, och ech war vun de Biller aus dem Weltall faszinéiert. Ëmsou méi schwéier ass et ze verstoen, wéi mer dat eent kënnen hikréien, a bei esou einfache Konzepter wéi Fridden, Gerechtegkeet, Toleranz a Respekt ëmmer nees eng säfteg Datz kasséieren. Dobäi géif et schonn duergoen fir demokratesch Grondwäerter unzewennen. Zum Beipill: E Staat deen dofir do ass, all seng Bierger, onofhängeg vun hirer Hautfaarw, ze beschützen. Oder eng Press déi hirer Aarbecht kann nogoen, ouni dofir selwer ugegraff ze ginn. Dat wier dach wonnerbar, wann et dann esou wier. Aus dem Weltall gesäit eise bloe Planéit sou schéin a friddlech aus. Et däerf ee wuel just net vun no kucken.