Stellt Iech vir, Dir misst elo nach eemol Äre Fürerschäi maachen. E Gedanken, deen dem Gibbes Bertolo an dëse Wochen an de Kapp komm ass.

Si hunn et net einfach. Hate mir et deemools méi einfach? Schwéier ze soen, an awer. Méi Autoen, méi Stroossen, méi Schëlder, méi Schantercher. Mäin Nowuess ass mam Permis amgaang, bis bei de prakteschen Examen ass et net méi laang. Zanter 1995, wann ech gutt informéiert sinn, gëtt et jo d'Méiglechkeet vun der “Conduite Accompagnée”. Den Ufänger dierf deemno scho mat 17 Joer mat enger Begleetpersoun baussent deenen normale Fuerstonnen wichteg Erfarunge sammelen. Hannen an der Autosfënster hänkt dann ee rouden “L”. An der Zäit gouf et jo och mol dee bloen. Deen huet ee mussen eng Zäit laang hannendran hu fir ze signaliséieren, datt een nach als Ufänger ënnerwee ass. Zanter Januar 2005 ass dat awer net méi obligatoresch, just nach fakultativ. Dofir ginn et bestëmmt Ursaachen, ech ka se allerdéngs net ganz novollzéien. Firwat net deenen aneren ze verstoe ginn, datt een nach net ganz zeideg ass an datt et och mol eng Grimmel manner flësseg ka goen? Soit, et dierf ee jo nach ëmmer dee bloen “L” weisen, ech gesinn der awer kaum bis guer keng méi op eise Stroossen. Dann ass dat eben esou.
Mam rouden “L” war ech elo a leschter Zäit méi dacks ënnerwee. Um Bäifuerersëtz. An hu gemierkt, wéi komplizéiert Autofueren ass, wann ee seng Reflexer a Gewunnechte bewosst ofschalt a souzesoen “jungfräulech” an de Stroosseverkéier andaucht. De Winker umaachen bei all Spuerewiessel, déi ideal Bunn am Kreesverkéier huelen, beim Stopp komplett hale bleiwen, de permanente Bléck an de Réck- a Säitespigel, Foussgängersträifen, Camionen, Vëloen, riets Virfaarten, Vitesslimitatiounen an dann och d'Fueren u sech, mat schalten a bremsen. Do kënnt villes beieneen, fir een, deen nach gréng hannert den Oueren ass. Mä do muss een duerch, och wann et heiansdo wéi deet an Nerve kascht. Ech weess éierlech gesot net, ob ech haut dee prakteschen Examen souverän géing packen. Ech weess awer, datt déi, déi d'Autofueren den Ament léieren, Respekt an Toleranz verdéngen. Begrëffer, déi an dësen Zäite jo nees ganz gären an de Mond geholl ginn. Dofir mäi bescheidene Wonsch: Wann der engem mat engem rouden “L” (vläicht och nach dee bloen) ënnerwee begéint: Versetzt Iech fir e puer Sekonnen a seng Plaz. Gitt em eng Chance, bleift labber, sidd Gentleman resp. Lady. Nëmmen esou ginn a si si et enges Daags och.

Apropos: L