Et huet een d'Impressioun et kéint een esou lues nees opootmen an duerchootmen. Oder ass et awer nach ze fréi? An egal wéi, ginn et esou vill Themen, déi ee grad net soll wéi Loft behandelen, mengt d'Christiane Kremer am Apropos vun haut.

Apropos "Loft"

Mir maachen et 20 000 Mol den Dag, 833 Mol an der Stonn, 14 Mol an der Minutt. Mir maachen et ouni driwwer nozedenken, et ass esou normal, esou einfach, awer esou liewenswichteg. Meeschtens  maache mer et onbewosst.

Mir fëlle fir d'éischt a maachen dann eidel, huelen dat frëscht eran a stoussen dat verbrauchtent aus. Ëmmer erëm, mä et ass kee besonnescht Talent, all Liewewiese maachen et. Jiddereen op seng Manéier. Sou wéi all Mënsch...
Wa mer et awer bewosst maachen, da brénge mer et fäerdeg eis méi unzestrengen, eis erauszefuerderen, unzedreiwen, zu grousser Leeschtung ze bréngen. Oder mir kënne méi intensiv an eis eralauschteren oder erafillen. Kënnen entspanen, erofkommen, roueg ginn.
Mä meeschtens denke mer guer net driwwer no, et ass selbstverständlech, instinktiv, gewéinlech. Bis zu deem Ament, wou mer dann op eemol bei all Otemzuch gesinn oder richen, wat mer do maachen, wa mer otmen. Da wa mer eisen Otem mussen aspären hannert enger Mask oder wann de Brëll uleeft iwwert der Mask. Oder mer erkläert kréien, wéi geféierlech deen einfache komplett natierleche Gest vum Ootme ka sinn, wa Mini-Drëpsen dorëmmer kënne fléien. A mir erwëschen eis jo méi wéi eemol derbäi, datt mer eis déi Mask vum Gesiicht ewechzéien an eemol déif Loft huelen, frësch Loft. Déi eis da weider d'Liewen an d'Liewegkeet an de Kierper bréngt. Wéi bewosst ass dësen onbewosste Gest vum Ootme fir eis all an de leschte Woche ginn?
A wéi vill méi bewosst soll en eis nach maachen, datt mer net zouloossen duerfen, datt anerer den Otem geholl kréien.
„I can't breathe“ ass eng aner Pandemie, bei där keng Mask, keng Distanz, kee Lockdown, mä just Solidaritéit eleng kann hëllefen.