Di aktuell Rassismusdebatt huet an de leschte Woche vill Denkprozesser ausgeléist. Och d'Josiane Hoffmann huet säi Liewe mol nees richteg bewosst op Rassismus ofgeklappt an ass bei engem Beräich besonnesch hänke bliwwen.

A mengem Alldag ginn ech mäi Bäscht, net ze diskriminéieren a Virurteeler, och di eegen, ze hannerfroen. An awer hunn ech festgestallt, datt an engem Beräich, dee mir um Häerz läit, d‘Diskriminatioun vu schwaarze Mënsche systematesch stattfënnt. An zwar am Beräich vun der Kannerliteratur, wou ee sech dat net sou direkt bewosst mécht.

Menge Kanner kafen ech natierlech och Wierker mat Figuren, déi sech net als wäiss definéieren. Am Moment verschléngt mäi Grousst z.B. «Rosie et Moussa», d’Geschicht vun der Frëndschaft tëscht engem wäisse Meedchen an engem Jong „of colour“.

Schwaarz Heldinnen an Helden hunn awer bis ewell kaum de Wee a menge Kanner hir Bicherregaler fonnt. Mäin Eelst hunn ech d’lescht Woch gefrot, u wéi eng schwaarz Buchpersonnagen hatt sech dann erënnere kéint. Hatt huet nogeduecht. D’Prinzessin Tiana an de Kirikou huet hatt mir genannt. Säi Sachbuch iwwert d’Rosa Parks ass him och nach agefall. «Et gëtt der net vill», sot mäi Meedchen, «mee firwat net? Well mir Wäisser awer heemlech méngen, mir wäre besser.»

Seng Wierder hu mech nodenklech gemaach. De Kirikou ass d’Produkt vun engem Wäissen, deen trotz aller Poesie monter de Klischee vum «eedele Wëllen» bedéngt. D’Tiana fällt aus dem Raster vun der typescher Disneyprinzessin, an awer ass et schonns eleng mat senge glaten Hoer zevill ugepasst u wäiss Schéinheetsidealer.

Datt sou mann schwaarz Personnagen a menge Kanner hirem Liesuniversum optauchen, ass mol net eleng eis Schold. De Marché gëtt net méi hier. Dobäi sollt grad d’Literatur Wäerter an Haltunge vermëttelen.

D'Pippi Langstrumpf ass e weidert Beispill fir wäiss Dominanz op Buchsäiten. D’Wierker iwwert dat staarkt onkonventionellt Meedchen si mëttlerweil iwwerschafft ginn. Rassismen, déi fir d'1940er Joeren typesch woren, goufen erausgeholl. Trotzdeem ass et 2020 fir di naiv Awunner vum Taka-Tuka-Land weiderhin eng Éier, dem Pippi a senge Frënn mat hirer feiner wäisser Haut sou nozekommen.

Wa mir awer eng modern pluralistesch Gesellschaft wëlle sinn, sollt dat sech och an der Kannerliteratur erëmspiggelen. Mir brauchen hei vill méi Diversitéit a manner Stereotypen. Staark an emanzipéiert schwaarz Personnagen mussen och a Bicher eng Selbstverständlechkeet ginn. Da kéinten och schwaarz Kanner sech vläit besser an hire Buchhelden erëmfannen.

Wier et also net endlech Zäit fir e schwaarzt Pippi Langstrumpf?