"Only bad news is good news" heescht et jo allgemeng, wann ee vun de Medie schwätzt. Mir ginn dagdeeglech mat schlechten Noriichten bombardéiert. Dat geet dem Guy Seyler un d'Moral.

Apropos "Alarmismus"

Datt d’Medien haaptsächlech iwwer dat informéieren, wat schlecht leeft, ass net nei. Mam Internet ass dat awer méi schlëmm ginn. Mir ginn 24 Stonnen am Dag quasi am Sekonnentakt mat schlechten Nouvelle aus der ganzer Welt erschloen. Mir stinn ënner Dauerbeschoss. An dat schléit sech negativ op eis Stëmmung néier.

Nodeems mir 2 Méint laang am Corona Lockdown waren, sinn d’Statistike  besser ginn. Freed kënnt awer keng op, well d'Weltgesondheetsorganisatioun warnt scho virun enger 2. oder esou guer 3. Well.

Wann dir elo berouegt sidd, well d‘Kanner ganz seelen vu Covid 19 betraff sinn, dann hutt dir den Artikel vum Kawasaki Syndrom verpasst.

Eng Vakanz gëtt et dëst Joer kaum. „Heiheem ginn et och vill schéi Plazen“, sot dir. Da mengt alt. Wa mir nämlech all hei bleiwen, da gëtt d’Drénkwaasser knapp. Freet Iech also net ze fréi.

D’Bëschzecken sinn no deem mëlle Wanter besonnesch aktiv an d’Gefor vun enger Borreliose ass latent. Den Eichenprozessionspringer ass schonn do. An datt de Fuuss d’Tollwut an d’Dierfer schleeft, deen Artikel brauch just nach online gesat ze ginn..

Sécher hutt dir och gelies, datt zanter dem leschte Joer Mécken och bei eis eng nei Tropekrankheet iwwerdroen: de West-Nil-Virus.

Keng Oktave, keng Sprangprëssessioun, kee Gënzefest a keng Päischtcroisière. Bleift also schéi brav weider doheem.

Mee zanter datt d’Nouvelle zirkuléiert, DSDS an den Dschungelcamp wiere manipuléiert, huet een och keng richteg Freed méi virun der Televisioun.

Wann dir elo behaapt, dat alles géif Iech är gutt Laun, är Freed um Liewen net verdierwen, dann hunn ech hei nach eng lescht Nouvelle. Déi dreift och deem gréissten Optimist de kale Schweess op d’Stier : „Den nächste President vun den USA kënnt erëm Donald Trump heeschen.“

Vläicht ass dat awer och eng Fake News. An da kéim awer nach e bësse Freed op.