Läschte Weekend hat déi digital Foire Agricole e grousse Succès. De Secteur vun der Landwirtschaft huet dervu profitéiert, fir dem Consommateur d’Dire vun der Produktioun grouss opzemaachen. Esou konnt ee weise, wéi eng héich Qualitéit een ënner strengste Kontrolle produzéiert, ouni eppes ze verstoppen oder vertuschen. De Camille Ney vermësst just eng konsequent, national Linn an der Vermaartung...

Apropos vum Camille Ney: E gutt Stéck Fläesch

« E gutt Stéck Fläesch ! » Wat hunn ech deen Ausdrock vum Här Thoma mam Akzent aus dem Areler Land an der Zäit genoss. Op een elo Fleesch consomméiert oder net – dee Choix soll dann och jidderengem eleng iwwerlooss sinn a kann op anere Plazen debattéiert ginn. Et krut ee schonn eleng Appetit duerch d’Art a Weis, wéi et gesot war. Marketing ass also eminent wichteg, woubäi den Akzent bei alle rezenten a manner rezenten internationale Skandaler éischter um Adjektiv « gutt », wéi um « Fläesch » selwer läit. An dat gëllt natierlech fir all Produkt, wat hei am Land produzéiert gëtt.

Déi läscht Wochen hunn déi lokal a regional Produkter reegelrecht gepushed ! Firwat eigentlech ? Schlecht waren se dach nach ni ? U gréisser Liewensmëttelskandaler hei am Land kann ech mech och net erënneren ? Just nëmme well déi international Camionen am Confinement net méi esou mobil war, huet een souzesoen « noutgedrongen » erëm méi lokal consomméiert, well dat do war, esou wéi ëmmer, an eben esou no ! An dunn huet ee festgestallt, dass dat – nach ëmmer an ewéi schonn ëmmer - richteg gutt ass ! Dat hat ee jo ganz vergiess, well dacks just nom Präis gekuckt gouf, egal wou et grad hierkoum !

Laut e puer Etüden ass Lëtzebuerg souwisou schonn emol déi absolut europäesch Nummer 1, wann et drëms geet, online am Ausland anzekafen, virun Irland, Eisterräich an Dänemark. Dobäi kënnt dann nach, dass déi meescht Flyeren, déi eis esou an d’Boîte fléie, gréisstendeels am Ausland produzéiert an hei zu Lëtzebuerg just adaptéiert ginn ! Do huet de « kaaft lokal » also net wierklech en Alibi. An engem vun dëser Woch gëtt Fleesch mat der Mentioun « Union Européenne » mat bis zu 37% bradéiert. Ech wëll guer net wëssen, wou dat hierkënnt ! Do géif een deene Kommunikatiounsleit am Léifsten eng praffen !

An dann huet de Konsument et am Geschäft jo och nach duebel schwéier ! Oder passt Dir bei enger visuell leckerer Kotlett, wierklech drop op, wat am Klenggedréckten hannen op der Etikett vun der Barquette steet ? 3mol L heescht jo dann zum Beispill dass d’Béischt zu Lëtzebuerg gebuer, opgewuess a geschluecht gouf. Do feelt et mir dacks am Fleesch, wéi an anere Liewensmëttel, um koherenten a konsequenten « nation branding ». Bei all deene privaten, nationalen an internationale Labele fënnt eng Kaz hier Jonker net méi erëm, respektiv de Konsument säi Produkt vum Vertrauen. Ech géif mir do schonn e bësse « Letzmakeithappen » wënschen, fir him de Wee vun der Qualitéit ze weisen, zemools an Zäite wou lokal consomméieren esou in ass, ewéi scho laang net méi ! Och wann de Portmonni leider och nach ëmmer mat entscheet, wat an de Käddi kënnt...