A villen Deeler vu Spuenien an op de Kanaren ass Fëmmen an der Ëffentlechkeet scho verbued – aner Länner zéien no. A Südafrika ass Tubak zanter Mäerz esouguer ganz verbuede. De Grond: den Damp steigert de Risiko fir eng Drëpseninfektioun. Gett also Femme geschwë verbueden? Den Apropos vum Camille Ney…

Apropos vum Camille Ney: Vill Damp ëm näischt?

Eent emol direkt fir ewech : ech gehéieren zu den Ex-Fëmmerten mat deels engem Pak den Dag an dat si jo anscheinend déi Schlëmmst, wann et drëm geet, géint d´Fëmmen anzetrieden. An da sinn ech och nach um internationalen Dag géint den Tubak gebuer – dat soll och elo keng Entschëllegung sinn, fir all déi ze besänftegen, déi mir elo no dësem Sujet den Damp am léifsten an d´Gesiicht géife blosen.

Ugefaang hu meng Froen, nodeems ech am Stau hannert enger Dame stoung, déi all 20 Sekonnen aus hirer elektrescher Zigarette eng déck Dampwollek aus der Fënster geblos huet an déi ass dann iwwer d´Klimaanlag bei mir am Auto gelant. Bis ech de Knäppche fonnt hat, fir déi zou ze maachen, ass mir dee Gedanke komm: kann deen Damp Corona transportéieren? Ech weess: dat ass alles elo vläicht e bësse schizophren, mee wat ass dat schonn net, an eisen Zäiten. E puer Deeg drop koum mir dee selwechte Gedanke, wéi ech laanscht eng Bushaltestell gelaf sinn, op där gefëmmt gouf, wéi aus engem Schaarschtech, grad esou wéi där Deeg op enger Terrass, wou ech an engem Nikotin-Wandkanal souz.

Wéi ech dunn awer leschte Weekend zu München um Flughafe gelant sinn, wollt ech mengen An awer net trauen, wéi ech an enger Airport Smoking Lounge eng 20 Leit op engem Koup gesinn hu fëmmen, forcement ouni Mask, mee och ouni Sécherheetsofstand. Esou ze soen: e Club vun de Gläichgesënnten, déi wuel extrem vill Vertrauen an d´Performance vun der Klimaanlag vun deem Raum haten, esouguer wann een néitst! Déi spuenesch Gesellschaft fir Epidemiologie SEE huet nämlech erausfonnt, dass d´Coronaviren och an den Aerosole vum Tubaksdamp ze fanne sinn an d´WHO dass de Fëmmert sech selwer nach méi enger grousser Gefor aussetzt, doduerch dass hie fir dee Geste de Masque muss ofdoen a mat der Zigarette mat de Fanger de Mond beréiert.

Ech liesen elo schonn a Gedanken d´Commentairen ënnert dësem Artikel, déi vu genee esou besuergte Leit bis zu deene geet, déi mengen, ech soll mech em meng Saache bekëmmeren an dem Damp einfach aus dem Wee goen. Sécher läit d´Wouerecht an der Mëtt an huet vill mat géigesäitegem Respekt a mam berüümte Recht, wat do ophält, wou deem anere säint ufänkt, ze dinn. Ech weess aus eegener Erfarung wéi schwéier et ass, fir opzehale mat fëmmen. An et gi sécher där, deene fëmmen esou gefält, dass si dat am Dram net wëllen opginn. Klamer op: Laut verschiddenen Etüden hu Leit, déi fëmmen, méi e grousse Corona-Risiko, wéi Leit, déi dat net maachen – Klamer zou.

Mee d´Friddenspäif kann nëmmen da gefëmmt ginn, wa béid Säiten zefridde sinn an da wéilt ech deenen aus dem Glasghetto vu München (wat och sécher keng glécklech Form ass) an allen anere Fëmmerten och soen: passt op Iech an op déi aner op! Alles anescht ass elo an och soss net esou wichteg. A wann dat gemaach gëtt, da waren des Zeilen elo waarm Loft oder vill Damp fir näischt! Mee wéi heescht et an engem anere Spréchwuert: wou Damp ass, do ass och Feier!