Grenzen op, Grenzen zou...wou bleift do d'Logik?

Apropos: Ass dach logesch!

Et ass nees sou wäit: Mir si Risikogebitt a stinn alt nees virun zouene Grenzen...Eng schlecht Nouvelle fir Europa a fir dee sougenannte gesonde Mënscheverstand. Well eigentlech mécht dëst politescht Spillche kee Sënn. Jo, eis Zuele sinn amgaang ze klammen, dat kann een net ofstreiden. Mä mir teste jo och vill a kënnen domat och eng Hausse vun den Infektiounen éischter erkennen. Sollte mir dann elo einfach manner testen? Dat wier déi selwecht Logik wéi bei engem klenge Kand, dat d ‘Aen zoumécht a mengt da géif keen et méi gesinn...Iwwerhaapt, d ‘Saach mat der Logik...Wa bei eis d ‘Zuelen erop ginn, da schéngt et onwahrscheinlech, dass dat déi aner Säit vun der Grenz net soll d ‘selwecht sinn, vu dass bei eis déi sanitär Bestëmmungen sécher net manner streng applizéiert ginn...

Wann een elo déi vun der WHO verëffentlechten Zuele vun den Doudegen pro Millioun Awunner kuckt, da sti mer e wéineg besser do wéi d ‘Schwäiz, wesentlech besser wéi d ‘Belsch an e bësse méi schlecht wéi Däitschland. Wouzou een awer soe muss, dass bei eis bei wäitem déi meeschte Mënschen an der éischter Well gestuerwe sinn, an de leschte Méint gouf et kaum nach Stierffäll. Eis méi grouss Nopeschlänner sollte villäicht frou sinn, dass mir esou vill testen, well eis Resultater erlabe sécher och Réckschlëss op d ‘Situatioun an der Groussregioun. Dat wier nëmme logesch.

Mä bon, wann déi bal 8 Milliarden Homo Sapiens vun Ufank un op eng wëssenschaftlech a logesch Manéier mat dësem Virus ëmgaange wieren, de Virus dee jo selwer net denke kann, tjo, dann hätte mir e villäicht scho laang am Grëff...