"Dat geet vum selwen ewech", wéi dacks kritt een dat gesot, besonnesch wann ee kleng ass, a sech eppes geschréipst huet oder wann de Bauch e bëssi wéi deet. Am Fong e Saz vun Trouscht a Berouegung. E Saz, dee grad batter néideg wier, mengt d'Christiane Kremer am Apropos vun haut.

04/10/2020 Apropos "Dat geet vum selwen ewech!"

"Si di mer e bëssi leed, si kréien et net einfach." Dat sot eng Kollegin zu mer, wéi mer eis vrun e puer Deeg Fotoen ugekuckt hu vu Bebeeën, déi dëser Deeg an eisem Bekanntekrees op d'Welt komm sinn. No den éischte begeeschterte Reaktiounen "O wéi léif" asw. koum dunn dee Saz, bei deem mer allen zwee méi eescht goufen.

Wéi eng Chance hu se oder solle mer soen, wéi eng Chance loosse mir hinnen? Mir, déi scho sou laang do sinn a grad mat Onsécherheet an Onwuelsinn dat observéieren, wat op dëser Welt geschitt. Deen zéien Virus belaascht natierlech d'Stëmmung, bedréckt eis, well mer eis net esou kënne beweegen, wéi mer wëllen, well mer op Schratt an Tratt oppasse mussen, fir en net z'erwëschen oder fir en net weiderzeginn, wa mer positiv getest goufen. Oder well mer fäerten, datt déi ekonomesch a perséinlech Situatioun vun deem engen oder aneren sech kéint verschlechteren.

Dat ass et awer net eleng. Dat, wat d'Kollegin ugedeit huet, ass dat, wat soss grad op der Welt schif leeft. Politesch Onrouen op ville Plazen, ëmmer nach Krich - an net esou wäit vun Europa ewech - Ongerechtegkeeten, Gewalt, Aarmut, Honger. A jo an eng Natur, déi ënnert eis leit. Eng Millioun Déieren- a Planzenaarte riskéieren auszestierwen.

"Mir solle kee Krich géint d'Natur féieren", sot den UNO-Generalsekretär Antonio Guterres bei engem UNO-Sommet zum Thema zu New York. 150 Staate ware present.

Nëmmen 60 Länner hunn en Ofkommes ënnerschriwwen mat deem se sech selwer verpflichten, sech fir den Erhalt vun der Aartevillfalt anzesetzen. Net derbäi ë.a.: China, Brasilien, Indien. Ee Land war esouguer demonstrativ net um Sommet vertrueden: d'USA. Do hate se och aner Diskussiounen ze féieren dëser Deeg, woubäi een dat knapps eng Diskussioun nenne kann. Sécher kee gutt Beispill fir déi kleng Mënschen, déi elo an dës Welt kucken.

Dogéint sollte mer grad mam gudde Beispill virgoen, besonnesch beim Natur- an Aarteschutz, an hinnen eng Welt hannerloossen op där se kënnen e räicht, glécklecht a gesond Liewe féiere mat alle Planzen an Déieren, déi derzou gehéieren.

Net datt um Enn de Comic nach Recht behält, deen et zënter e puer Joer scho gëtt. Ee Planéit verzielt engem anere vu senger Krankheet: "Ech hunn den Homo Sapiens". Deen aneren äntwert dorop ganz lakonesch: "Net schlëmm, dat geet vum selwen ewech."