Bei eisen däitschen Noperen huet « Querdenken » grouss Chancen, zum“Unwort des Jahres“ ze ginn. Dobäi ass kritesch denken eng positiv Saach. Virausgesat, den Haaptaccent gëtt op DENKEN gesat, mengt de Guy Seyler a sengem Apropos.

Anescht denken

Wéi meng kleng Enkelin elo fir d’éischt an de Fondamental gaangen ass, huet et gesot: „Do muss ech jo maache, wat de Schoulmeeschter seet. Wouhier weess ech dann, ob hie Recht huet?“

Eigentlech ass dat jo eng gutt Astellung. Net zu allem Jo an Amen soen, Saachen hannerfroen, sech eng eege Meenung bilden. All dat sollen eis Schüler jo léieren.

Besonnesch a Krisenzäiten, wéi mir se elo mat Corona kennen, soll a muss Verschiddenes hannerfrot ginn. Zemol mir et hei mat enger ganz neier, onbekannter Situatioun ze dinn hunn, wou praktesch all Woch eng Kéier geholl gëtt. A wou net jidderee sech méi erëm fënnt.

Allerdéngs mussen déi Iwwerleeungen op zolitten Argumenter foussen. Fir einfach ze behaapten, de Virus géif et guer net ginn. Et wier just e Mëttel vun der Politik, eis mat Angscht besser ënnerdrécken ze kënnen, schéngt mir e bëssen naiv.

Iwwer Youtube gëtt propagéiert, de Bill Gates wier den Initiator vun der ganzer Pandemie. Säin Ziel ass eng obligatoresch Impfung, wou jiddereen e Mikrochip agesat kritt. Iwwer 5G kënnt hien dann déi ganz Mënschheet manipuléieren a kontrolléieren. Wien dat gleeft, soll sech froen, ob hien net scho manipuléiert gëtt.

An dann ass do nach déi Theorie vum „deep state“. Dat ass eng geheim Regierung, wou niewent Militär och Leit wéi Obama, Clinton, Rothschild an neierdéngs Epstein als Member genannt ginn. Dës Organisatioun géif ënner anerem Dausende vu Kanner an ënnerierdeschen Tunnelle verstoppen, fir se do ze mëssbrauchen an dout ze maachen. Aus dem Blutt vun de Kanner gëtt Andenochrom gewonnen. E Wonnermëttel géint Krankheeten. Wat awer och vu Prominenten genotzt gëtt fir jonk ze bleiwen. Den däitsche Sänger Xavier Naidoo huet sech mat Tréinen an den Aen zu dëser Theorie bekannt.

Hei halen ech op, well ech gesinn, datt dir schonn de Kapp rëselt.

Anescht denken ass gutt, wann et intelligent ass an op Fakte baséiert. A wann et eis Gesellschaft weider bréngt, aplaz se ze splécken. Oder fir et mat der Schrëftstellerin Doris Lessing ze soen: „Du kanns roueg falsch denken, mee maach et ëm Gottes Wëllen fir dech eleng“.