De Sujet ass net nei an d'Marie Gales hat och schonn s mol dovunner riets an engem méi alen Apropos: Presséiert Autosfuerer a Kamikaze-Motosfuerer.

Apropos vum Marie Gales

Ech zielen Iech eng Geschicht, richteg erlieft, virun e puer Wochen op der Escher Autobunn. Ech si wéi all Dag fir mäi Wee op d'Aarbecht op d'A4 Richtung Stad Héicht Lankelz gefuer, bei déi vill aner Gefierer, wéi all Dag. Et muss ëm hallwer 9 gewiescht sinn an déi 2 File hu sech lues, awer net ze lues an d'Stad beweegt. Op eemol ass mir en opgefall, e Mënsch an engem Orange Gilet, deen op der Iwwerhuelspuer um Motto souz; e Polizist! Komesch, deen ass net duerch d'Mëtt gefuer. Och wéi et mat Amenter méi lues goung, sou Stop and go; nee dee Mann ass an senger Rei bliwwen an huet ofgebremst an ass nees ugefuer, wéi et de Code de la route jo virschreift. Duerch d'Mëtt fueren ass net erlaabt, ech duecht jo dat dierft een, well ech nëmme Motosfuerer gesinn, déi dat maachen. Do kann et nach sou naass a rutscheg um wäisse Stréch sinn! Am Réckspigel hunn ech e puer mol Motosfuerer usetze gesinn fir duerch d'Mëtt vun hanne gefuer ze kommen, ma och si hunn déi Orange Veste gesinn a schwupps gouf sech séier an eng Verkéiersspléck vum Trafick eragequëtscht. Tjo, de Polizist ass mat bis an d'Stad gefuer, keng Chance fir duerch de Verkéier ze brausen.

Do sinn ech da vun der A4 op d'A6 gewiesselt, do wou ee sech wgl un eng Vitess vun 90 Stonnekilometer zu de Stousszäite soll halen. Tjo, ech huelen un, vill Leit kënnen net liesen, wéi soss erklären, dass een awer mat 120 a méi km/h fiert. Ausser et ass engem ...egal! Gutt, ech hunn e Camion iwwerholl, dee ganz lues gefuer ass, ëmmer mam Respekt op meng Vitess vun 90 km/h. Hannert mir op eemol en Auto sou no, dass ech e bal net am Réckspigel gesinn hunn.

Wéi ech mech du nees virun de Camion agereit hunn, hunn ech op e Rakéitestart vum Dëppchen hannert mir gewaart, mä nee....och deen ass dunn 90 km/h gefuer. Net well en awer op eemol räsonabel gi wier a sech gesot hätt: Komm hal dech dach un déi virgeschriwwe Vitess. Nee vill méi einfach! D'Police ass hannert him gefuer an do muss ee jo dann awer e gudden Androck maachen a sech un déi virgeschriwwen Vitess halen.

Mat der Police op der Strooss ass dunn och vill méi räsonabel gefuer ginn, keen huet wéi e Formel 1 Auto iwwerholl an de Verkéier ass gefloss.

Dofir léif Police, en décke Merci fir dass ech deen Dag méi roueg schaffe gefuer sinn an ech wënsche mir Iech méi dacks ze gesinn!