Dass de Feierdag vun Allerhellegen dëst Joer op e Sonndeg fält, huet fir de Camille Ney tëscht den Zeilen eng duebel Bedeitung an eisem Apropos vun haut…

Apropos vum Camille Ney: Ass de Glawen am gaang ze stierwen?

D’Deeg vun allen Hellegen an alle Séile ware fréier an ausserhalb vu Pandemie-Zäiten a villen Dierfer a Stied zwee wichteg Deeg, op deem sech d‘Famill um Graf getraff huet, nodeems een sech dacks e ganzt Joer net méi gesinn hat, fir un déi léif Verstuerwen ze denken an duerno a gemittlecher Ronn e puer schéi Stonnen ze verbréngen. D’Kierch war neess am Duerf! Wonne si geheelt an deen Dag huet der Famill Halt ginn, en Halt deen eis haut dacks feelt. An dat huet net nëmme mam Covid-19 ze dinn! Wier haut en „normale“ Sonndeg, da wier d’Kierch fréier voll, de Staminee duerno animéiert an de Sonndeskascht nëmme vum Feinste gewiescht, fir sengem Numm gerecht ze ginn.  An der Bibel heescht et jo „Am 7. Tage sollst Du ruhen!“. Dat schéngt mir d’Institutioun Kierch awer schonn eng Zäit ze wuertwiertlech ze huelen! Wou ass se? Eng Fro, déi an de leschte Woche schonn dacks gestallt gouf!

Kloer huet si e Problem mam Personal an ass schonn eleng doduerch manner present, an d’Distanciatioun hëlleft och net onbedéngt beim Mass halen. Mee dat eleng ka jo net de Grond si, firwat een d’Gefill huet, si wier einfach net do! Wann et de Leit schlecht geet, da sichen se eng Upak, Trouscht, e gutt Wuert, alles dat, wat se fréier am Glawe fonnt hunn. Gefillt gouf ni méi gebiet ewéi a Krichszäiten.

Sécher: et ass e Generatiounsproblem. Eis krut nach Reliounsunterrecht a kann de „Vaterunser“ an de „Gegrüßet seist Du Maria“ nach auswenneg, wou dat bei eise Kanner a Kandskanner lues a lues verluer geet. Wéi sot meng Mamm, déi de Krich matgemaach huet, ëmmer, wann ech net konnt schlofen: „Biet mäi Kand, dat hëlleft bei mir och ëmmer!“

An anere Reliounen ass bieden och bei deene Jonke cool, vläicht och wéinst dem Zeremoniell. Sportler weisen hire Glawen ëffentlech an d‘Kamera. Paradox ass et, dass si dacks eng Götter-Roll an eiser Gesellschaft anhuelen, an duerfir muss een net Messi heesche, fir als Messias ze gëllen. Des Deeg erënnere mir eis un eis léif Verstuerwen, duerch deenen hiren Doud mir un Halt verluer hunn. Mir vermësse si, well mir si gär haten a si eis Halt ginn hunn. Halt, Wäermt, e gutt Wuert. Virun engem Joer stoungen nach Leit zu New York op der Strooss mat engem Schëld „Free Hugs“. Haut kann ee kee méi an den Aarm huelen, léif drécken an dat riskéiert och nach laang esou ze sinn.

Duerfir ass et wichteg, grad elo – ee fir deen aneren do sinn, a wann et och vläicht eng gutt Zäit digital muss sinn, soss gëtt de psychologesche Schued nach méi grouss wéi dee physeschen. Déi Roll vum gudde Wuert läit bei jidderengem an och bei enger kathoulescher Kierch, déi sech vläicht muss nei erfannen, fir fit fir deen Job ze sinn, wann et duerfir net schonn ze spéit ass…

An enger Zäit an där d’politesch Weichen op Trennung vu Kierch a Stat gestallt goufen, gouf d’Kierch wuel och vum digitalen Zuch iwwerholl a parallel dozou ass d’Transmissioun vum Glawen vun den Elteren op hir Kanner mat der Zäit gréisstendeels verluer gaang. Duerfir soll oder muss op Allerhellegen d’Fro erlaabt sinn: ass de Glawen am gaang ze stierwen?