Zanter Méint liewe mer wéinst Corona am Ausnamezoustand. Et ass nach net eriwwer, wéi di aktuell Zuelen a Mesure weisen. Dat huet natierlech Repercussiounen op eisen Nervekostüm. D’Stëmmung dobaussen ass gereizt, fënnt d’Josiane Hoffmann a sengem Apropos vun haut.

Apropos Josiane Hoffmann

Ech wees net, wéi et Iech geet, mee ech hunn d’Gefill, datt d’Leit am ëffentleche Raum ëmmer méi gestresst an aggressiv ginn.

Eleng dës Woch sinn ech gutt eng hallef Dose Mol vu Matmënsche richteg hefteg ugefuer ginn. Ouni Ursaach. Ausser där, datt se hannert mir an enger Schlaang stoungen an hu misse waarden. Wéi ech eben och.

Ech war lo virum Weekend am Supermarché. Do krut ech d’éischt mol e Caddy an de Réck, well ech der Fra hannert mir net séier genuch gefuer sinn. Dono huet mech e Mann bei der Killthéik op d’Säit gedréckt, fir no engem bestëmmt liewenswichtege Spirulina-Smoothie ze gräifen. Beim Uebst a Geméis ass mäi Caddy no vir gejummt ginn, obwuel en op der Säit kee gehënnert huet. Den Ëmgank vu verschiddene Clientë mam Keesepersonal huet mech och erféiert.

Ech verstinn, datt di ganz Coronasituatioun net evident an d’psychesch Belaaschtung momentan grouss ass. D’Angscht, di sozial Distanzéierung, d’Upassen un nei Liewenskonditiounen drécke säit Méint op d’Gemitt. An dat grot Schmuddelwieder mécht et net besser.

Mee awer: Muss ee seng Aggressivitéit ëffentlech ausloossen? Am Schutz vun der Mask souzesoen. Ganz nom Motto: Wann ee mech just hallef gesäit, kann ech mir duebel sou vill erlaben.

Erënnert der Iech un de Lockdown am Mäerz? Wéi d’Situatioun quokeleg war, a kee wousst, wéi et weidergéing? Vill vun eis hu sech du geschwuer, datt se d’Coronakris géingen als Ustouss huelen, fir Mënschlechkeet a Respekt nees an de Mëttelpunkt ze réckelen. De Begrëff „Solidaritéit“ ass dauernd gefall. Systemrelevant Leit krute geklappt, wärend lo ëmmer méi oft verbal op se geschloe gëtt.

Wou sinn dann all di gutt Virsätz? Lo, wou d’Welt bausse méi gro a kal gëtt, wier dach déi Geleeënheet, fir kleng léif Gesten an den Alldag anzebauen. Z.B. einfach mol mat e bësse Gedold ze waarden. An dobäi deene ronderëm souguer ënnert der Mask ze laachen.

Fein sinn ass nämlech ustiechend. Wann ee frëndlech mat anere Leit ass, bréngt een déi dozou, och méi fein mat hirem Ëmfeld ze sinn. Ausserdeem dréckt Frëndlechkeet eis Stresshormoner erof an d’Glécks- an d’Bindungshormoner erop. An dat deet eiser Psyche definitiv gutt. Grad a Coronazäiten.