Heiansdo géif een sech am léifsten d'Oueren zouhalen, wa ronderëm nëmme Gejäiz a Gebrëlls ass...Sou ass et dës Woch dem Bea Kneip ergaangen

Apropos vum Bea Kneip: Ëmmer mat der Rou!

Ech weess net wéi Dir dat ëmfonnt hutt, mä dës Woch gouf et jo nawell vill Gestreids op der weltpolitescher Bün. An do koum en Ament wou ech einfach net méi weider konnt nolauschteren, an dat wat mir am Fong seele virkënnt, ech hu missten zoudréinen. Zum  Deel wéinst deem wat gesot gouf, an do war ech beileiwen net dat eenzegt wat dorun Ustouss geholl huet, mä och wéinst der Manéier wéi et gesot gouf. Eng Stëmm bréngt Stëmmungen eriwwer, am Gudde wéi am Schlechten. Eng Stëmm ka berouegen, e Gefill vu Sachlechkeet a Sécherheet ervirruffen, si kann awer och de Géigendeel. Bei enger Stëmm déi souereg, jäizeg oder aggressiv kléngt, wëll sécher kee laang nolauschteren. Den Toun mécht d'Musek, wéi een esou schéi seet a wann een engem ver-stëmmten Instrument nolauschtere muss, da kann dat richteg stresseg ginn. Gejäiz a Gebrëlls ass eng Form vun Aggressioun, et ass dee verbalen Equivalent vu kierperlecher Gewalt. Een dee jäizt, mécht sech breet, iwwertéint déi aner, schafft souzesoen mat den akusteschen Ielebéi.  Dobäi ass dat emol net nëmmen eng Fro vun Dezibel, et kann een och aggressiv klengen ouni d'Stëmm ze hiewen.

Kleng Kanner hunn dofir déi beschten Antennen, jiddereen dee schonn emol e Puppelche getréischt huet, weess dass lues Téin berouegen, och wann ee schonn emol e bësse Gedold opbrénge muss. Wann een awer bannendran nervös ass, hunn déi Kleng dat séier spatz, a reagéieren dodrop.

Gedold ass nach esou e Stéchwuert. Och do hätt de Kontrast dës Woch net kéinte méi grouss sinn. Ongedold a Gehasels op der enger Säit e Gefill vu Rou a Kompetenz op der anerer Säit, et war schwéier sech deem z'entzéien. Rou a Kompetenz, dat ass et jo och wat mir brauche fir mat deene Krise fäerdeg ze ginn, deenen d'Mënschheet momentan ausgesat ass. Ech wënschen eis alleguer ganz vill dovun.