An eisen Nopeschlänner sinn d'Kulturhaiser zou, zu Lëtzebuerg duerfen se ënner strenge Mesuren opbleiwen an et ka reduzéiert geschafft ginn. Wat et net einfach mécht: net fir de Publikum an net fir déi, déi an a mat der Kultur schaffen. Wéi wéi dat deet, finanziell a psychologesch, dat huet eng Diskussiounsronn bei de leschte Kultur-Assissen bewisen. Dobäi gehéiert Kultur zu eisem deegleche Liewen, mengt d'Christiane Kremer am Apropos vun haut.

15/11/2020 Apropos "KulturAllDag"

Stellt Iech vir, Dir géift op eemol keng Musek méi héieren. Dir géift keng Geschichte méi liesen, keng Biller méi gesinn, näischt méi virgefouert kréien, net méi matgeholl ginn op Reesen a Fantasiewelten. Stellt Iech vir, Dir géift keng aner Theme méi kenneléieren, wéi déi mat deenen Der all Dag ze dinn hutt, Dir kéint keng Diskussioune méi matféieren oder mol aner Standpunkter matkréien, oder Situatioune vun enger ganz onbekannter Säit kucken.

Dat wier dach ganz schéi langweileg, oder net? Gutt, datt dat alles net esou ass. Datt mer Bicher hunn a Filmer a Musek-Alben. Oder Streaming-Plattformen op deene mer alles kënnen eroflueden a lauschteren a kucken a kenneléieren. An esouguer nach Säll a Bünen, déi op sinn a wou ausgestallt, gespillt a gedanzt gëtt, esouguer elo, wou alles esou reduzéiert an distanzéiert a reglementéiert a maskéiert ass.

Alles Saachen, déi mer nach kënne genéissen. Momenter, déi mer kënne spieren. Gefiller, déi eis Gesellschaft brauch. Ëmmer, mä besonnesch elo.

Mä si mer eis och wierklech bewosst, wien dës Momenter fir eis mécht a wou se hierkommen? Vu Kënschtler, Museker, Realisateuren, Dänzer, Schauspiller, Auteuren, Zeechner an vun all deenen, déi ronderëm si aktiv sinn. Déi hëllefen, datt dat och bei eis ukënnt, wou och ëmmer mer et erliewe wëllen: am Theatersall oder am Online-Stream. National an international. An datt d'Kënschtler dat net gratis maachen. Well et hire Beruff ass an net just hiren Hobby.

Iwwerall op der Welt schaffen d'Kënschtler den Ament mat villen Entbierungen, Annulatiounen, Zukunftsängscht. Zu Lëtzebuerg sinn et der eng 12 000, déi am Kultursekteur aktiv sinn. An dach si se inspiréiert a motivéiert. Nach méi wéi d'Gefill net schaffen ze kënnen, wéi se wëllen, plot se d'Gefill net beuecht ze ginn, keng kloer Präsenz an eiser Gesellschaft ze hunn. Keng Visibilitéit.

Dobäi si se ëmmer ëm eis, elo gläich wann dat nächst Lidd um Radio leeft, herno wann der mat äre Kanner e Film kuckt oder duerch e Buch bliedert oder e Reportage iwwer den aktuelle Konschtpräis liest. Oder einfach nëmmen trëppele gitt an eng faarweg gemoolte Mauer oder eng intressant Skulptur gesitt.

Alles dat ass Kultur, alles dat beräichert eist Liewen, alles dat huet säi Wäert an alles dat brauch och eise Respekt an eis Ënnerstëtzung.