Den nächste Freideg ass nees de Black Friday. Dësen Dag gëtt et zanter den 1960er Joren an Amerika. Et ass ëmmer den Dag nom Thanksgiving, well d’Amerikaner do d’Bréck maachen. Mëttlerweil ass dëst „Shopping Event“ och bei eis ukomm. Et ass deen Dag, wou ee bal alles fir näischt kritt. A wou een onbedéngt muss zouschloen. Oder och net, mengt de Guy Seyler a sengem Apropos.

Apropos Black Friday

Mir kennen all déi schrecklech Biller a Videoen aus Amerika. Do wou d’Leit zu Honnerten an d’Geschäfter stierzen, sech drécken a stoussen, iwwertenee  trëllen, aus lauter Angscht hiren Artikel net ze erwëschen. An Zäiten vun der Pandemie wäert dat Ganzt sech zwar méi op den Onlineshop verlageren.

Mee et ass déi Geleeënheet, endlech deier Saache fir bëllegt Geld ze kafen. Bis zu 80 % sinn d’Präisser erof gesat. Schonn eleng dat Zeeche vu Prozent léisst eist Häerz méi séier schloen. Do muss ee virbäi sinn.

Muss een ? Virsiicht ass ubruecht.

Den ZDF Magazin WISO huet erausfonnt, datt déi héich Reduktiounen dacks net stëmmen. Et soll een duerfir zweemol iwwerleeën an och e Präisvergläich um Internet maachen.

Et kann ee sech awer och froen, ob een dat wierklech muss hunn. Eng Ëmfro an Däitschland huet erginn, datt all Bierger an der Moyenne 60 Kleedungsstécker huet. All fënneft dovun hänkt am Schaf a gouf ni ugedoen.

Mir all gi mat Reklammen a Prospekter gelackelt. Nëmmen nach esou vill Deeg, nëmmen nach esou vill ass op Lager. Dir sollt zougräifen ouni laang ze Iwwerleeën.

Dat alles ass dem kanadesche Kënschtler Ted Dave géint de Stréch gaangen. 1992 huet hien duerfir – quasi als Antithees – de 27. November zum „National Buy Nothing Day“ deklaréiert. 24 Stonne laang keen Cent ausginn. Duerfir awer sech mol Gedanken iwwer de Konsum maachen.

Dëse konsumkritesche „kaf näischt Dag“ ass manner bekannt. Gëtt awer an Europa op verschiddene Plaze propagéiert. Allerdéngs een Dag méi spéit, um 28. November.

Ech wëll elo kengem d’Loscht um Akafe verdierwen. Wann dir eng gutt Affär kënnt maachen, da gräift zou. Loosst awer net zou, datt d’Adventszäit e Mount voller Stress an Hektik gëtt.

Léift, Frëndschaft, Unerkennung, Harmonie, Geloossenheet an Zefriddenheet, all dat kann een net kafen.