Vläicht läit et an der Erzéiung, vläicht och um gesonde Mënscheverstand oder vläicht ass et och Charaktersaach, wann ee sech füügt. 'Sech fügen' huet vill Bedeitungen, ma d'Marie Gales viséiert haut just eng un an zwar déi vum Follegen. Elo grad virun der Kleesercherszäit gëtt dat nees bei Kanner gären opgeworf.

Audio Apropos: Sech fügen

Jo Kanner musse follegen, soss gëtt et Ierger. Ma vill Erwuessener hu vergiess oder kruten net gesot, dass een e ganzt Liewe follege muss fir mat anere Mënschen eens ze ginn an dëser Welt. Just do heescht et net méi follegen, mä sech u Reegelen halen fir dass ee säi Liewe ka maachen.

Déi meescht Mënschen hale sech och un dat wat eng Autoritéit seet; sief et eng Regierung, de Patron, d'Police, de Steierbüro a wat et soss nach sou alles gëtt fir gesot ze kréie wat een dierf a wat net.

Aussergewéinlech Situatioune stellen dann dat mam Follegen op eng Prouf an do erkennt een da ganz gutt wee sech besser füge ka wéi en aneren. An do wieren mir da bei der Coronapandemie, déi eis jo virun dësen Ausnamezoustand stellt.

Nieft all de bekannte Reegelen, zB sech un d'Vitesslimitatiounen ze halen, kee Kaméidi no enger gewëssener Auerzäit maachen, den Dreck net iergendwou ze entsuergen, kommen elo nach Neier derbäi.

An da geet d'Gejäiz lass.

Erstaunlech, dass ee grad géint Reegelen oder an dësem Fall Mesure rebelléiert, déi ee virun enger Krankheet schütze sollen, Mask undoen an Distanz halen. Reegelen vun enger Regierung, déi et am Fong gutt mengt fir dass mir et all duerch déi Pandemie packen. Et denkt sech jo kee Reegelen aus fir anerer rosen ze maachen. Oder?!

Natierlech déi 2 Mesuren entrainéieren nach anerer, an ob se engem gefalen oder net, si sinn do.

Natierlech tëscht sech net gär fügen an genee de Contraire maachen, leien nach Welten.

Sech Heemlech awer zu vill gesinn, ouni Mask am beschten, kéint een nach engem Teenager verzeien. Awer erwuesse Mënschen! Party feiere grad elo, do fale mir keng schlau Wierder an. Firwat e bemol Mënsche gleewen, déi vun Tuten a Blose soss keng Anung hunn wéi gescheite Mënschen, déi alles dru setze fir eng séier Léisung aus där Ausnamesituatioun ze fannen?

Et gëtt och eng Zäit no Corona, an da muss ee wëssen ob een déi Reprochen aushält sech un näischt gehalen ze hunn. Well wéi heescht et sou schéin: De Kleesche gesäit alles!