Hënt ass e komm - de Kleeschen. Ritualer wéi dëse Besuch an der Nuecht vum 5. op de 6. Dezember si grad a Corona-Zäite wichteg. Si vermëttele Kanner nämlech Sécherheet a Gebuergenheet. Dëst Joer ass awer och fir de Kleeschen alles anescht wéi gewinnt. D’Josiane Hoffmann huet sech e puer Gedanken iwwer Kleeserchersdag wärend der Pandemie gemaach

Apropos vum Josiane Hoffmann - Léiwe Kleeschen

Eppes muss een dem Kleeschen loossen. Deen hellege Mann ass trotz senge 1750 Joer ganz flexibel bliwwen! A Coronazäiten ass et nämlech eriwwer mat senge sëllegen Tournéeën uechter d‘Land.

Allerhéchstens nach baussen um Schoulhaff - aus der Distanz - konnt de Kleeschen a verschiddene Geméngen d’Kanner iwwerraschen. Fir de Rescht huet hie missen, wuel oder iwwel, op den Home-Office zréckgräifen. Video-Botschaften, Interviewen oder Telefonsgespréicher – de Kleeschen huet hei am Land alles ginn, fir mat de Kanner a Kontakt ze trieden.

Och eis däitsch Nopere waren innovativ. De Bistum Essen huet z.B. de gratis Service „rent-a-clause“ ugebueden, dee séier ausgebucht wor. Hei konnt ee sech umellen fir e Besuch vum Kleeschen iwwer Zoom. D’Geschicht vum hellege Mann, Lidder, e Gespréich a souguer e Bléck an dat gëllent Buch waren am Package mat dran. An der klenger Stad Bad Königshofen huet e Patissier de Schokolaskleeschen "corona-fit" gemaach. Mat enger Mask aus Marzipan oder rosa Schockela.

Ech muss soen, datt ech perséinlech et als Entschleunegung ëmfonnt hunn, net schonns vun Ufank November un op Kleesercher an den Akafszentren ze stoussen. Dëst Joer sinn ech mol eng Kéier net an d’Schweesse gerode bei der Fro: „Firwat gesäit de Kleeschen hei anescht aus wéi deen, dee mir gëscht gesinn hunn?“

Dofir hunn ech missen dës Froe beäntweren: „Däerf de Kleeschen iwwerhaapt kommen? Kënnt hie bei Kanner, déi a Quarantän sinn? Muss hien och eng Mask undoen? Ass säi Baart net ze déck dofir? Kann de Kleeschen de Corona net ewechhuelen?“

Bei menge Kanner sinn d’Uspréch am Laf vun de Woche méi bescheide ginn. Mäi Kléngt hat mir nach am November e Kleesercheskatalog dohinner geluecht a gemengt, ECH kéint jo da Spillsaache kafen, falls de Kleeschen wéinst sengem héijen Alter net kéim.

Am Endeffekt hu mir viru kuerzem decidéiert, datt de Kleeschen einfach e puer Séissegkeete bréngt an e „Cadeau solidaire“ mécht. Dat Wichtegst, hu meng Kanner fonnt, wier souwisou, datt mir Kleeserchersdag zesummen verbrénge géingen.

An deem Sënn: Iech an Äre Léifsten e schéine gemittlechen Niklosdag!