Haut an 12 Deeg ass Chrëschtdag – d’Fest vun der Léift. Dëst Joer ass dat awer aus bekannte Grënn ganz anescht wéi soss, mee de Camille Ney stellt a sengem „Apropos“ vun haut fest, dass mir souwisou éischter am gaang si méi wäit ausernee, wéi méi no uneneen ze réckelen...

Apropos vum Camille Ney: Zäitbommen

De Mask an d’Distanciatioun suerge leider derfir, dass en Trend, deen et och scho virdru gouf, nach verstäerkt gëtt: sech aus de Féiss ze goen. D’Demografie op der Äerd wiisst exponentiell. Mir sinn also zu ëmmer méi a jiddereen huet manner Plaz an déi sozial Schéier geet ëmmer méi ausernee. Nervositéit, Nopeschsträiter an Egoismus am Stil vun den Hamsterkeef vun dësem Joer schéngen d’Konsequenzen dovun ze sinn. Vill vun eis liewen a „Cités-dortoirs“ an deenen ee vill vu sengen Noperen emol net méi kennt an da fält et engem och vill méi einfach – wéi ech des Woch héieren hunn – op den 113 unzeruffen, wann d’Noperen ze vill Kaméidi maachen, och wann déi Nummer sécher net duerfir geduecht ass.

Sozial Ausgrenzunge sinn déi aner logesch Konsequenz vun engem gesellschaftlechen a wirtschaftlechen Zuch dee fiert, sech ëmmer méi fëllt, iwwerfëllt a vun deem déi Schwächst erof falen. Am Fall vum feige, grujelegen Attentat vun Tréier si bei mir och esou Gedanken opkomm, nodeems kommunizéiert gouf, dass den Attentäter zanter Méint an engem Auto gehaust huet, well hie mam Alkohol déi sozial Leeder erof gefall war bis héchstwarscheinlech d’Sicherungen eraus gefuer sinn, och wann dat natierlech a kengster Weis seng schrecklech Dot erkläert oder entschëllegt. Verstitt mech elo richteg: ech wëll elo beileiwen hei keen a Schutz huelen, och net déi aner Auteuren vu grausamen Doten, déi der Police scho bekannt waren oder iwwer déi een dann herno vun den Noperen iwwer d’Medie gezielt kritt „Dat war nach ëmmer e komeschen“ oder „Ech hunn deem nach ni iwwer de Wee getraut“ bis hin zu der Feststellung „Jidderee wosst, dass dat do eng Kéier kennt geschéien!“. Nach schlëmmer: déi Leit, déi vun anere – meeschtens och nach Familljememberen, doheem agespaart a jorelaang vu kengem vermësst ginn, bis hin zu Mammen déi accouchéieren, hir Kanner ëmbréngen a kee kritt dat mat!

Ech nennen se emol all „Zäitbommen“, déi fréi oder spéit op hir Aart a Weis explodéieren, mat méi oder manner schlëmme Konsequenzen. Chrëschtdag, d’Fest vun der Léift a virun allem vun der Nächsteléift rappelléiert eis de Kontext, mee et ass u jidderengem fir net einfach nëmmen nozekucken, mee sozial Responsabilitéit ze huelen, op Problemer hinzeweisen – net d’An an d’Oueren einfach zou ze maachen am Stil vun den 3 Afen „Dat geet mech jo näischt un!“.

An da stellt sech nawell d’Fro, och wa jidderee vun eis sech dora bessert: ass eis Gesellschaft net einfach iwwerfuerdert, fir sech selwer ze beschützen? D’Sécherheetsdiskussiounen op der Stater Gare sinn nëmmen ee Beispill vu villen. Eent steet awer fir mech fest: wa mir eis Gesellschaft nohalteg besser wëllen opstellen, da musse mir eis Educatioun an eis Formatioun esou organiséieren, dass mir déi sozial Secteuren, grad esou wéi déi am Gesondheetswiesen, opwäerten an derfir suergen, dass hei Kompetenz nowiisst, fir an Zukunft Leit un der Grenz vun der Gesellschaft ze betreien a weider Zäitbommen ze entschäerfen.