E virtuelle Blummebouquet huet dem Bea Kneip net nëmme vill Freed gemaach, mä en huet och eng Rei Iwwerleeungen ausgeléist, déi hat gäre mat Iech deele géif.

Fir mäi Gebuertsdag hat eng léif Frëndin mir eng Foto vun engem Blummebouquet geschéckt. Leider nëmme virtuell, sot si, an awer hunn ech mech doriwwer gefreet. Dat Virtuellt, dat zemol dëst Joer esou vill Plaz an eisem Liewen ageholl huet, huet jo seng Virdeeler a seng Nodeeler. Déi digital Blumme brauche kee Waasser a bleiwen esou laang frësch wéi de Computer net ofstierzt. A Punkto Doft an organesch Präsenz bleiwen se natierlech hannert dem Original zeréck. Mä villes vun dem dat mir am sougenannte wierkleche Liewen mateneen austauschen huet jo och Symbolcharakter, an dee bleift am virtuelle Raum erhalen. Am Fong huet alles wat mir op eisem groussen oder klengen Ecran gesinn, e Pendant an der physescher Welt. Mir kënne virtuell matenee poteren, um Internet akafen oder un Evenementer deelhuelen, déi an Zäite vu Corona zum Gléck dacks gestreamt ginn. Heiansdo ass et schued, dass een net kann op der Plaz sinn, op der anerer Säit ass et gutt, dass deen een oder anere virtuelle Lynchmob op de sozialen Netzwierker verschwënnt wann een de Computer ausmécht...

Den Internet huet awer och seng Limitatiounen. Homeschooling ass an dësen Zäiten e Rettungsreef, mä Millioune vu Schüler uechter d'Welt hu kee Computer a keen Internetuschloss. Vill eeler Leit fannen sech am digitale Liewen net gutt zurecht. An am Internet fënnt een eng Hellewull un Informatiounen, allerdéngs net ëmmer korrekt, an och net ëmmer komplett.  
D'Méiglechkeete vum Internet notzen, ouni eis doran ze verléieren, dat war eng vun den Erausfuerderunge vun 2020. Ech hoffen, dat gelengt eis och iwwer d'Feierdeeg a mir schafen domat d'Basis fir Chrëschtdag 2021 gesond a monter an hoffentlech nees all zesumme feieren ze kënnen. An dem Sënn: Bleift gesond!