Datt d'Realitéit heiansdo méi dramatesch ass wéi dat, wat d'Fiktioun sech kann ausdenken, dat hu mer dës Woch emol nees erlieft. Beim Christiane Kremer huet dat Erënnerungen ausgeléist. Wéi eng, verréit et am Apropos vun dëser Woch.

Apropos "Once upon a time ..."

Där Deeg si mer Biller an de Kapp komm, oder hunn ech et gedreemt? Egal, d'Biller sinn do a si brénge mir Geschichte vu fréier an d'Gediechtnes.

Mir ware Kanner an hunn nawell gär Western gespillt, hunn eis mat Hutt oder Fiedere gerëscht an eis eegen Abenteuer duergestallt. Heiansdo ass et virkomm, datt een oder eent gemengt huet, hien oder hatt misst elo dat Ganzt uféieren. Dat ass dann net ëmmer gutt ausgaangen, d'Ziler waren op eemol net fir jiddereen déi selwecht an d'Methoden och net. An dacks ass et da geschitt, datt net jidderee méi matspille wollt a senger Wee gaangen ass.

Heiansdo goufen et och alt Schierbelen oder kleng Blessen, och alt Tréinen. Oder et war op eemol alles langweileg an d'Spill vum selwen eriwwer. Da war et dat. Mä bal ëmmer hu mer dann awer nach d'Friddenspäif gefëmmt, e klengen Aascht an de Mond an da gemaach, wéi wann ee géing Damp an d'Loft blosen. Alles schéin ofgekuckt an de Filmer oder an de Comics a mat Kannerfantasie a Kannerlogik verfeinert, well gewonnen hunn ëmmer déi Gutt.

Vläicht sinn d'Spiller aus menger Kannerzäit haut net méi esou onschëlleg méiglech. Mä där Deeg si se mer, wéi gesot, nees an de Kapp komm. Et ass awer net aus purer Nostalgie, dass ech dat elo erzielen. Et ass, well mer bei deem surreale Capitol-Western, deen eis e Mëttwoch virun d'Schiermer gepecht huet, d'Wierder feelen. Wollten der do och Western spillen? An hu sech verluer a fanatesche Fantasie-Welten, déi se virgegaukelt kruten a wou se net méi draus erauskommen? Als erwuesse Mënschen, déi de Sënn fir d'Realitéite verluer hunn an elo am Bléckpunkt vun der ganzer Welt stinn. Eng Welt, déi dës Attack op d'demokratescht Symbol vun den USA net versteet, do wou d'Schierbelen, d'Blessen an d'Tréinen net sou einfach ze kieren, ze heelen an ze dréchene sinn.

Wann et net esou dramatesch wier, géif een a Gedanken einfach senger Wee goen. Oder eng Friddenspäif ufänken. Mä esou!