De Joreswiessel ass jo ëmmer verbonne mat gudde Wënsch a ville Virsätz. Dat wat d’Leit sech fir 2021 wuel am meeschte gewënscht hunn, ass méiglechst séier zréck an d’Normalitéit ze kommen. Wat ass dann normal, freet de Guy Seyler am Apropos vun haut.

Apropos vum Guy Seyler: Normalitéit

Ech si kuerz nom Krich op d’Welt komm. Domat gehéieren ech zu där Generatioun, fir déi et bestänneg biergop goung. Aus klenge Verhältnisser hu mir et lues a lues zu engem gewësse Wuelstand bruecht. De Saz vun eisen Elteren „ du solls et mol besser hu wéi mir“ konnte mir ëmsetzen.  

An elo koum – onugemellt an net viraus ze gesinn - eng Kris, déi eis all getraff huet. Eist normaalt Liewen gouf ausgebremst. Déi eng hu probéiert, domat eens ze ginn. Anerer hu gemotzt.

Op eemol sollte mir doheem bleiwen. Onvirstellbar fir vill vun eis.
Keng Schivakanz. Chrëschtdag a Silvester am klenge Krees.
Kee grousst Familljefest, kee Freedefeier, kee Protzmenü mat Schampes à gogo.

Zréck kommen an d'Normalitéit war den allgemenge Wonsch fir 2021.

Vläicht huet jo deen een oder anere gemierkt, datt dat, wat mir an de Jore virdrun normal fonnt hunn, e bëssen iwwerzunn war. An datt et och méi bescheide geet.

Mee d’Bescheidenheet ass eis ofkomm. Mir hu verléiert ze verzichten. Solidaritéit gouf vum Egoismus verdrängt. Ass dat normal?

Ass et normal, datt déi 42 räichste Leit op der Welt genee esou vill hu wéi 3,7 Milliarden vun den Aarmen zesummen.

Fannt dir et normal, datt grouss Konzerner sech mat allen Tricke laanscht Steieren drécken, de klenge Mann net weess, wéi en d’Enner beienee soll kréien.

Ass et normal, wann de Futtballspiller Mesut Özil wéinst schlechte Leeschtungen op der Tribün sëtzt, duerfir awer 400.000 Euro an der Woch verdéngt. Gläichzäiteg gëtt den onermiddlechen Asaz vum Personal an de Klinicke just mat Applaus belount.

Wann dausenden Aarbechter riskéieren, duerch d’Pandemie hiren Job ze verléieren, d‘Manager awer net bereet sinn, op hire Boni ze verzichten, da leeft eppes schif an eiser Gesellschaft.

Déi Normalitéit wëll ech net zréck.