Iwwert den Trump oder iwwert de Coronavirus? D'Marie Gales war hin an hier gerass iwwert wat déi nächst puer Minutte sollt riets goen. Ma et ginn nach vill aner Problemer op der Welt, déi engem Kappwéi maachen an dofir geet et déi nächst Minutten an Osteuropa.

Audio Apropos: Kee gutt Bild ofginn

Wann ech duschen an dat waarmt Waasser mech wiermt, komme mir déi Biller ëmmer nees an de Kapp, wann ech bei menger Heizung mech ofdréchnen a mech fönen, denken ech un all déi Mënschen, déi dës Chance net hunn. Banal denkt Dir sécher. Ma stellt Iech vir, Dir sidd plätschnaass geschweesst, vum wäite Goen a kënnt Iech néierens wiermen, wéi zum Beispill mat enger waarmer Dusch. Mënschen, déi op der Flucht sinn an un der bosnesch-kroatescher Grenz an der Keelt waarde fir weider kënnen ze goen, kréien néierens e bëssi Wäermt, an dat am duebele Sënn. Déi Biller, déi een elo ma och schonn s zanter Jore gesäit, kann ech net vergiessen.

40 Prozent vun de Flüchtlinge sinn ënnert 18 Joer a bannent 10 Joer huet sech d'Zuel vu den Immigranten op der ganzer Welt verduebelt.

Knapp 80 Millioune Mënsche waren Enn 2019 op der Flucht, hunn alles verluer a konnte just hiert Liewe retten oder hunn hiert Land verlooss fir op enger anerer Plaz iwwerhaapt mol e Liewen unzefänken. Et gi vill Grënn firwat ee senger Wee geet, seng Famill a Frënn verléisst oder verloosse muss oder als eenzegen d'Chance kritt fir déi Plaz, déi einfach ze geféierlech gouf, séier hannert sech ze bréngen.

Eng Flucht ass keen Ausflug; wann een all déi Strapaze kuckt, déi dës Mënschen op sech huelen, muss ee verstoen, datt et eescht ass. Dat geschitt aus kenger Laun eraus. Déi meeschte kommen aus Syrien, dee Krich, deen zanter 2011 do am Gaang ass, ass net op en Enn gaangen, just et schwätzt kee méi dovunner. Hannert Syrien sinn et vill Mënschen aus Venezuela, Afghanistan, Südsudan a Myanmar déi d'Flucht ergräifen. Ma och aus dem Osten vu Afrika, Jemen, Irak, der Zentralafrikanescher Republik, Burundi an der Ukrain sinn der vill aus hirer Heemescht wéinst Honger a Krich fortgelaf.

Elo zu menger Iwwerschrëft: Kee gutt Bild ofginn! Konkret schwätzen ech do vun der Flüchtlingskris, déi hire Laf geholl huet wéi virun 10 Joer de Krich a Syrien ugaangen ass. Mat kee gutt Bild ofginn, domadder mengen ech d'EU. Ech schumme mech fir Europa, datt mir do op der ganzer Linn versoen. ''Besser mir maachen et kengem hei ze schéin, soss kommen der nach méi'', kéint ee bal menge wier de Motto. Och Länner, déi eng Küst hunn sech selwer iwwerloossen an hoffen, datt keen an eise Géigende kënnt, ass net déi fein Manéier. Och mat engem Diktator e Pakt schléisse fir d'Flüchtlingen do ze halen, kann et wuel net sinn.

Ech si mir wuel bewosst, datt et net d'Léisung ass, datt all Mënsch heihinner wëll kommen. Mä dat misste mir weiderdenken a mat suergen, datt et de Mënschen op deene Plaze besser geet. Natierlech d'EU kann do net eleng alles riichten, ma sou laang dat net méiglech ass, aus politeschen a virun allem finanzielle Grënn musse mir deene Mënschen hëllefen a se net wéi Véi behandelen, dat kee wëll.