Mir kenne se alleguerten. Di Lëschten zu allméiglechen Themen, ob déi mir regelméisseg an eisem Alldag stoussen. Opzielungen, déi een einfach iwwerflitt a schonns quasi vergiess huet, éier een domat fäerdeg ass. Beim Josiane Hoffmann wor et dës Kéier net esou, wéi et eis a sengem Apropos verréit.

Mëtt der Woch sinn ech op eng Lëscht mat kuriéise Feierdeeg gestouss. Mäi Bléck ass länger drun hänke bliwwen. Beim 1. Februar, dee jo muer ass, stoung nämlech, dat wier de weltwäite Robinson-Crusoe-Dag.
Als Kand wor dem Daniel Defoe säi Klassiker eent vu menge Liiblingsbicher. Eigentlech, sou duecht ech, ass de Robinson net méi just eng Kandheetserënnerung. En ass och a menger Géigewaart erem ganz präsent.

Quitt, datt dat lo pathetesch kléngt: Eis Welt ass dach grad irgendwéi e grousse Robinson-Club. A mir als seng Memberen erliewe wéint Corona säit bal engem Joer eng kollektiv Robinsonad, also eng onfräiwëlleg Isolatiounserfarung.

Natierlech ass se net sou radikal wéi dem Robinson Crusoe seng. Als eenzegen Iwwerliewende vun engem Schëffsënnergank land hie jo op enger einsamer Insel. An domat si seng sozial Kontakter komplett gekappt. Mir hunn zum Gléck alt nach eng ganz Panoplie vun Medien, fir de Kontakt mat eise Matmënschen ze halen.

Mee awer. Vill vun eis erliewe wéi de Robinson existenziell Krisen. Do brauch ee schonns nëmmen un den HORESCA-Secteur ze denken. Di psychesch Erkrankungen huelen aktuell och zou. Grad Leit, déi eleng sinn, dorënner vill eelerer, di sech schwéier domat, nach manner sozial Interaktioun ze hunn wéi souwisou schonns.

Hautesdags ass dem Defoe säi Meeschterwierk wéint senge rassistesche Virurteeler kritesch ze liesen. Trotzdeem huet de Robinson e puer wichteg Message fir eis. Zum Beispill deen, net opzeginn, och dat Positivt ze kucken - egal wéi desolat d’Situatioun ass. De Robinson erënnert eis drun, eis Talenter ze notzen, fir Léisungen ze fannen. Hie mécht eis bewosst, datt ee mat wéineg ka gutt liewen an datt et wichteg ass, an Aklang mat der Natur ze kommen. Hie weist eis, datt en Tagebuch hëllefe kann, Erausfuerderunge ze verschaffen. De Robinson fënnt bei d’Relioun zréck. A mir kënnen eis spirituell Balance fannen, andeems mir meditéieren an an eis eralauschteren.

Bleift just ze hoffen, datt mir, am Géigesaz zum Robinson, keng 28 Joer op eiser Corona-Insel bleiwe mussen!