Mir liewen an enger Welt, déi vill op Virbiller opgebaut ass. Nëmmen ee Beispill: Influencer hunn an de sozialen Netzwierker Héichkonjunktur. Dass e Virbild doduerch och Verantwortung huet, doriwwer mécht sech de Camille Ney haut am Apropos esou seng Gedanken...

Apropos vum Camille Ney: Virbiller

Ech halen zanter Joer an Dag zu engem Fussballveräin. Dat ass bal ewéi eng Sucht an a jonke Jore waren déi Fussballspiller bei mir Ikonen, Idoler, Virbiller. Ass et hinne gutt gaang, goung et mir gutt. Bei Kanner ass dat Gefill nach vill méi ausgepräägt, hunn ech den Androck, well si lafen esouguer an der Ëffentlechkeet an an der Schoul mam Trikot mam Numm vum Idol um Réck duerch d’Géigend. Zanter e puer Woche gëtt et fir mech a mengem Veräin net méi esou vill ze laachen. Sportlech sinn d’Leeschtungen nach gréisstendeels ok, mee eenzel Spiller hu mäi Vir-Bild op d’Kopp gedréint. Deen ee späizt engem Géigner an d’Gesiicht, deen anere foutéiert sech iwwer Corona-Reegelen a klëmmt nuets iwwer d’Diecher fir der Police, sengem Veräin a spéider Fra a Kanner ze verklickeren, hie wier net op enger Party mat 23 Leit gewiescht, wou déi meescht net vill un haten. „Fremdschämen“ nennt een dat Verb an Däitschland, wat mäi Gemittszoustand iwwer des aarm Geeschter a sech ganz gutt beschreift. Elo ass mäi Bouf Gottseidank schonn aus deem jonken Alter eraus, mee ech hu mech gefrot: wéi erklären déi dausende vun Elteren hire Kanner, wat hir Liblingsspiller do gemaach hunn? Do sinn eiser Här seng Hand an déi gëlle Ribéry-Kotelett nach méi einfach ze erklären.

E Virbild ass jo a sech eng Virlag, déi een am léifste wëllt kopéieren. E Bild, wat een als Beispill huet, fir et nozemolen. En Influencer heescht esou, well hien d’Verhale vu senge Follower mat beaflosst. Politiker, Kënschtler, Schauspiller, jee, jiddereen, deen an der Ëffentlechkeet méi oder manner bekannt ass, huet duerch dee Statut awer och automatesch eng méi héich Verantwortung. Si sollten am beschte Fall mam gudde Beispill viraus goen. Verschiddener schéngen sech deem guer net bewosst ze sinn, wéi och d’Aktualitéit et eis nach zu Lëtzebuerg an de leschte Woche gewisen huet. Sécher ginn et der ëmmer erëm, déi soen: „jiddereen huet seng Läichen am Keller!“ Dat kann a wëll ech net akzeptéieren, well wann een net zu senge Feeler steet, gëtt een direkt e weidert schlecht Beispill, fir all déi, déi un ee gegleeft hunn.

Dass an der lescht ëmmer méi vun dëse Feeler ënnert den Teppech gekiert ginn, a sech mat engem méi oder manner iwwerzeegendem „Mea culpa“ begnügt gëtt, mécht mech rosen an traureg. Hätt den einfache Mann oder Fra dee Feeler begaang, wier en duerfir zur Rechenschaft gezu ginn. Sëtz de uewen op der Leeder, kanns de zwar héich eroffalen, mee esou laang keen un der Leeder rëselt, schäiss de op a laachs iwwer déi, déi drënner stinn!

A wann des A- oder B-Promien och nach de Culot hunn, sech am beschte Fall just fir hire Faux-Pas ze entschëllegen, ouni Konsequenzen draus ze zéien, da muss eis Gesellschaft se bestrofen, andeems se aus de Virbiller just nach Biller mécht, déi no an no verblatzen.