No engem Joer Corona hu mir alleguer esou lues d’Flemm. Mir sollten eis dowéinst awer net ënnerkréie loossen, mengt d’Bea Kneip am Apropos vun haut.

Apropos vum Bea Kneip: "Déck d'Flemm?"

Wann een op d’Neiegkeeten vu virun engem Joer zeréckkuckt, da mierkt een eréischt wéi vill an dësen 12 Méint geschitt ass. Wéi mir ausgangs Februar 2020 deen éischte Corona-Infizéierten hei zu Lëtzebuerg haten, gouf op engem Samschdeg Owend eng Pressekonferenz organiséiert. Deemools hu mir nach gemengt, et wier séier eriwwer mat dem Virus. Dass en och 2021 nach all Aspekt vun eisem Liewe géif bestëmmen, hätte mir eis deemools net kéinte virstellen. An am léifste wiere mir en elo endlech lass. Verständlech, mä dovu wat mir wëllen oder net wëllen, léisst sech esou e butzegt RNA- Brochstéck net wierklech beandrocken. Och net vun iergendwelche Corona-Skeptiker-Protest-Demonstratiounen, déi sech dann als Super-Spreader-Events eraussstellen, a paradoxerweis dozou bäidroen déi Mesuren géint déi se protestéieren, nach ze verlängeren…Mir mussen eis domat offannen, dass mir de Virus net einfach ewechzaubere kënnen, mä et gëtt awer Hoffnung. Mir wësse wéi mir eis schütze kënnen, a mir hunn elo Impfstoffer, och wann dat alles net vun haut op muer geet. Nach méi wichteg ass awer, dass mir de Courage net verléieren. Et ass kee Geheimnis, dass an der Pandemie psychesch Problemer ëmmer méi zougeholl hunn, an domat musse mir eis ausernee setzen. Op der anerer Säit, wann d’Pandemie eppes Guddes bruecht huet, dann ass et dass psychesch Krankheeten villäicht endlech emol méi seriö geholl ginn. E Mënsch deen dovu betraff ass, brauch keng guttgemengte Rotschléi vu Laien, e brauch eng kompetent psychologesch oder medezinesch Behandlung. An e brauch d’Ënnerstëtzung vu sengem Ëmfeld, grad esou wéi all anere Kranken och. Net einfach an Zäite vum Social Distancing. An awer, e frëndlecht Wuert geet ëmmer, an e Laachen gesäit een och un den Aen, souguer mat FFP2 Mask.