Muer an enger Woch ass de Weltfraendag, bei deem et jo ëm d'Rechter vun der Fra geet. Leider ass dat op ville Plazen an der Welt just e Mäerchen. D'Christiane Kremer gräift dofir am Apropos vun haut op e Stéck Weltliteratur zeréck.

28/02/2021 Apropos "1001 Froen"

An 1001 Nuecht erzielt d'Scheherazade hirem orientalesche Kinnek Geschichten, déi sou spannend sinn, datt hie wëll wëssen, wéi et weidergeet an dobäi vergësst, wat en eigentlech aus Enttäuschung iwwer de Verrot vu senger Fra decidéiert hat: all Fra no enger gemeinsamer Nuecht ëmzebréngen.

Géif d'Scheherazade haut Geschichten aus 1001 Nuecht erzielen, fir sech an hiert Liewen ze retten, misst se wuel op villes oppassen: déi richteg Kleedung unhunn, op Distanz zu all Mann bleiwen, ni eleng op d'Strooss goen a vrun allem net probéieren eegestänneg a selbstbestëmmt ze liewen.

Si hätt besser hire Schachtitel als Weltmeeschterin net ze verdeedegen a si dierft bei der Beach-Volleyball-Weltmeeschterschaft net den normale Bikini-Outfit undoen. Si kann dat alles boykottéieren a mécht dat och am Wëssen, dann op e sportlechen Erfolleg ze verzichten.

Si ka wuel als Arbittesch bei engem Fussballturnéier derbäi sinn, och wann herno bei der Ofschlosszeremonie hir als Merci d'Fauscht - Corona oblige - net dohinner gestréckt gëtt.
Mä dat alles ass e Mëssverständnes, seet den Organisatiounscomité herno. Oder eeben eng aner Kultur, wéi de President vun dem däitsche Veräin, deen dës Club-Weltmeeschterschaft gewonnen huet, probéiert alles schéinzerieden, wat do u Mënscherechter - net nëmme géint Fraen - net respektéiert gëtt. Ob et nächst Joer am Katar bei der Weltmeeschterschaft dann anescht ass?

Si kann awer och probéieren hir dramatesch Geschicht iwwer eng Handy-Opnam an d'Welt ze schécken an där se erkläert, datt se no probéierter Flucht virun zwee Joer nees agefaange gouf an elo agespaart als Prinzessin am gëllene Käfeg doheem muss liewen. Sou wéi wuel och hir Schwëster, déi vru Jore scho verschwonnen ass. E Video, deen d'Welt elo gerëselt huet! Mä wéi laang nach? Schliisslech stellt geschwënn déi ganz Welt sech zu Dubai aus!