Haut virun 137 Joer, de 7. Mäerz 1884, huet de franséische Prefekt Eugène Poubelle en Offallgesetz fir d’Stad Paräis dekretéiert. An de Stroosse vun der franséischer Haaptstad huet et deemools ganz onhygienesch ausgesinn. De ganzen Dreck aus dem Haushalt gouf einfach zur Fënster eraus entsuergt. De Contenu vum Nuetspotti nach uewen drop. Den Eugène Poubelle huet duerfir per Gesetz ordonéiert, datt all Haus eng Dreckskëscht misst kréien. Dës Këscht krut ganz séier den Numm vu sengem Initiator, an heescht zanter hier „Poubelle“. Beléift huet den Här Poubelle sech deemools net gemaach. An och haut, 137 Joer méi spéit, schéngt nach net jiddereen de Sënn an Zweck vun dëser Këscht agesinn ze hunn, mengt de Guy Seyler a sengem Apropos vun haut.

Audio Apropos Poubelle

De leschten Oktober goufe bei Ëlwen 18 Container mat jeeweils 1000 Liter Ueleg illegal entsuergt.

Am August haten Onbekannter hire ganze Sperrmüll beim Hunnebuer zu Miersch einfach esou an d’Natur gekippt. Datt et zu Miersch och e Recyclingszenter gëtt, war hinne wuel onbekannt.

Wéi et am Mee op den dräi Eechelen ausgesinn huet, nodeems do eng Party gefeiert gi war, dorun erënnere mir eis nach, wann och net gär.

An da brauch een nëmme laanscht eis Stroossen ze kucken, da weess een, datt nach ëmmer den Dreck zur Fënster, zur Autosfënster eraus gehäit gëtt.

An den nächste Wochen – wann d’Pandemie et erlaabt – bedeelegen sech erëm ganz vill Fräiwëlleger un der Aktioun „Grouss Botz“ a sammele fläisseg den Dreck laanscht Stroossen a Weeër an.

Eleng an der Haaptstad goufen an engem Joer 479 Tonnen illegal ewech gepuchten Offall gesammelt.

Pro Kilometer Autobunn sammelen d‘Leit vu Ponts&Chaussées 216 kg Dreck. De ganze Käschtepunkt beleeft sech op bal 2 Milliounen Euro pro Joer.

Spéitstens bei esou Chiffere misste mir jo waakreg ginn. Datt dës ewech geworfe Saachen och eng Gefor fir d’Déiere sinn, misst an der Tëschenzäit bekannt sinn.

„Pickitup“ heescht eng Organisatioun, wou d’Leit wärend hirem Spadséiergang gläichzäiteg Dreck ophiewen.

„Plogging“ ass en Trend, deen aus Schweden kënnt. Hei gëtt beim Jogging Dreck gesammelt.

All dat wier net néideg, wa jiddereen e bësse Respekt virun der Natur géif weisen. Wa jiddereen déi Poubellen, déi doheem an dobausse stinn, géif benotzen.

De Wee op de Mound huet de Mënsch fonnt. De Wee bei d’Dreckskëscht fënnt en net. Dat ass ze wäit.