E beléifte Gebrauch vum Mënsch ass et mat Déierennimm ëm sech ze geheien. An zu all Situatioun gëtt et dat passend Déier. D'Marie Gales geet deenen Déiere mol no.

Apropos: Déierewelt

Ob elo an der Léift oder am Sträit, eis gefält et anere Mënschen Déierennimm ze ginn. Léiwen Hieschen oder meng Maischen huet deen een oder anere sécher scho gesot kritt. Ech war och scho sou villes a mengem Liewen, nieft Huesi och mol eng Kou, eng Gees an och mol eng Crevette. Jee nodeem stoung dann och en Adjektiv virdrun, blöd Kou, domm Gees oder falsch Crevette. Et ass mir opgefall, datt fir Männer ze vernennen aner Déierennimm an den Asaz kommen, Iesel oder Kallef sinn do ganz beléift. Dommt Kallef oder blöden Iesel.

Een Déier ass zur Zäit awer ganz vir an der Hitparade an dat ass d'Schof, ganz genderneutral- léisst sech fir Männer a Frae gebrauchen. Schof gëtt gäre vu Mënsche gebraucht fir aner Mënschen ze betitelen, déi sech u Reegelen halen, an eisem klore Coronafall un d'sanitär Reegelen.

''Na, bass du och sou en naiivt Schof, dat der Regierung blann follegt?'' ''Eng Mask undeet, sech teste léist, Distanz hält an Summum sech och nach impfe léisst. Nee wéi domm kann ee sinn?!''

Wee seet iwwerhaapt, datt e Schof naiv ass? Spéitstens nom Film ''Schweinchen Babe'' misst een dach wëssen, datt Schof just léif a frëndlech behandelt wëlle ginn a guer net sou blöd sinn. D'Schweinchen Babe hat dat verstanen, datt ee just wgl a Merci muss soen an et da leeft.

Datt eng Regierung alles an d'Weeër leet fir datt mir e Wee aus der Pandemie fannen, ass vill méi wéi wgl oder Merci soen. Vill Länner op déi mir jo ëmmer sou traureg kucken a soen: Déi Aarm, no deene kuckt keen!, déi wiere frou wa sech ee fir si interesséiere géif an där Pandemie. Wéi et kann ausgoen, wann en Ignorant un der Spëtzt vun engem Land steet, huet keen 3. Welt-Land misste virmaachen, mä eng Weltmuecht wéi d'USA. Et gëtt et elo 1 Joer, datt deenen hiren Ex-President Trump sot, fir Ouschteren 2020 ass déi Pandemie eriwwer. 100.000erte Mënschen huet dat bis elo d'Liewe kascht. Anscheinend wier den Trump elo geimpft! Tzz, dee Verräter!

Ech ka gären e Schof sinn, well ech et net besser weess, wéi all déi Mënschen, déi an der Virologie, Epidemiologie oder soss Wëssenschaften doheem sinn an alles dru setzen eis aus der schwéierer Situatioun erauszeféieren. Ech ginn deenen da mol am beschten no, wéi sou e Schof dat jo mécht.

A wat géif ech mir och umoossen fir alles a Fro ze stellen!? Ech hu keng aner Léisung a fir einfach an Oppositioun ze sinn, well engem déi Pandemie net passt a mengt ëmmer alles besser ze wëssen! Elo ass wierklech net den Ament!

Mä de Verglach mam Schof ass och schonn dowéinst gutt gewielt, well e Schof kënnt Gott sei Dank seelen eleng.