Wéi kann et sinn, dass grad an eisem Land nach Leit op der Strooss musse liewen an duerch de Grill vun eisem Sozialsystem falen? Mat där Fro beschäftegt sech de Camille Ney am Apropos vun haut...

Apropos vum Camille Ney: Wéi all déi aner och

Virun 2 Wochen huet d’BILD-Zeitung d’Fro gestallt: „Wësst Dir, wéi e Land dat Räichst op der Welt ass?“ An 3 mol duerft Dir roden, wéi eent dass d’Lëscht vun deene 16 räichsten uféiert? Richteg: Luxusbuerg a si beruffen sech do mam Handelsblatt op dat vun der Kafkraaft berengegt lëtzebuerger Pro-Kapp-Bruttoinlandprodukt vun 115.838 Dollar (Stand Oktober 2019). Dont acte! Vun der Politik héiert een awer op där anerer Säit, dass d’Schéier tëscht Aarm a Räich déi lescht Joren nach ëmmer méi ausernee geet. Eng Thematik, déi net spezifesch fir eist Land ass, mee leider international och esou notéiert gëtt. Uewe seene sech déi eng a kréien de Mond net voll genuch an ënnen zitt et villen de Buedem ënnert de Féiss ewech (dat erënnert mech iwweregens och un den Netflix-Film „Der Schacht“ – grujeleg ze kucke, mee mat där selwechter, staarker Symbolik).

Leschte Sonndeg huet de Kölner Tatort an der ARD Millioune vu Leit bei eisem däitschen Noper, grad esou wéi dausende Leit virum Schierm hei zu Lëtzebuerg, mat der Thematik vun de Problemer vun de „sans-abris“ (ech nennen se léiwer esou, aplaz vu „Clocharden“, e Wuert, wat schonn eng pejorativ Konnotatioun huet an deenen 2 Geschlechter net gerecht gëtt). De Film war ergräifend an huet den Alldag vun den SDF, wéi eis franséisch Noperen se och nach nennen, mat all hire Problemer gewisen. Ouni Filter an ouni Makeup!

Mir sinn an esou villem Virreider an d’ganz Welt beneit eis zum Beispill iwwer de gratis ëffentlechen Transport. Aplaz awer weider Satellitten op Orbit ze setzen oder Milliounen Zommen an d’Ëmlafbunne vum Weltall a senge Planéiten ze investéieren, wier et net méi sënnvoll, déi, déi aus iergend engem Grond aus der Bunn gehäit goufen, nees op d’Schinnen ze kréien? D’Weltpress géif de Ruff vun eisem Land sécher opwäerten, wann een esou ee Konzept kéint virstellen – vum verbesserte Stadbild guer net ze schwätzen.

D’Stëmm vun der Strooss kann dat awer eleng net stemmen, bei all Respekt fir hir Aarbecht, mee et ass e Kampf géint d’Wandmillen. Fir dat ze erreeche brauch een net nëmmen eng Stëmm, mee e ganze Chouer – an natierlech de politesche Wëllen. Op dee wierklech do ass, heiheem, grad esou wéi iwwer d’Grenzen eraus, woen ech ze bezweifelen. Grad esou wéi ee sech och 2021 nach ëmmer kann a muss froen, firwat et nach dausende Kanner a Leit ginn, déi weltwäit mussen Honger leiden?

Hinnen all wier ze wënschen, dass si et erméiglecht kréien, mam Néidegsten an an Dignitéit ze liewen..., wéi all déi aner och! Dat war iwweregens och den Titel vum Tatort leschte Sonndeg.