Fir d’Meteorologen war et schonns den 1. Mäerz sou wäit. Fir eis aner ass d’Fréijoer dëse Weekend agelaut ginn. D’Deeg an d’Nuechten si lo nees d’selwecht laang. D’Natur erwächt sou lues, an dat ass och fir d’Josiane Hoffmann e Liichtbléck.

Apropos: Liichtblécker

Ech mengen, mir hunn alleguerten am Moment d'Flemm mat der Pandemie. Et ass iergendwéi kee richtegt Enn a Siicht. A sou eng wierklech inspiréierend Zukunftsvisioun feelt. Dat éischt Corona-Fréijoer hu vill Leit nach als positiv empfonnt, well et eng Entschleunegung vum Alldag wor. Elo ass d’Stëmmung däitlech méi gereizt.
Ech perséinlech versichen, ganz besonnesch uechtsam ze sinn, wann ech mierken, datt ech mech vun der Corona-Driipsegkeet matrappe loossen. Ech gi mir da sou richteg Méi, fir am Moment ze bleiwen, net un dat ze denken, wat wor oder wäert sinn, mee just dat wouerzehuelen, wat ass – mat all menge Sënner.

Mäi perséinlechen Challenge besteet säit zwou Wochen dran, all Dag Sonnestralen ze sammelen. Ech weess, dat kléngt lo fuerchtbar kitscheg, mee fir mech ass och dat zweet Corona-Fréijoer e Liichtbléck. D‘Strale vun der Sonn fille sech zwar nach net sou richteg waarm un, mee si bréngen engem direkt nees méi Energie.

Am Lockdown sinn ech, wéi vill Leit, op den Hond komm. Säit Méint gi mäi Mupp an ech dee selwechte Bëschwee. A mir observéieren, wéi sech d’Natur hei verännert. D’Beem bilden nees Knospen, d’Gläckelcher wuessen aus dem Buedem, op deem deels nach verdréchent Hierschtblieder leien. Mäin Hond huet sech mëttlerweil dru gewinnt, datt ech méi wéi eemol op eisem Wee stoe bleiwen. Ech maache meng Aen zou a spieren d’Sonn bewosst op mengem Gesiicht.

Fréijoer heescht net just, datt d’Natur erwächt, mee och eist Sozialliewen. Säit Méint ass et wéinst Corona an enger Aart Wanterschlof. Fréijoer bedeit, datt een nees méi eraus kann, och emol erëm a klenge Gruppe trëppele ka goen, fir d’Natur ze genéissen. Niewebäi hëllefe reegelméisseg Beweegung a frësch Fréijoersloft bei Depressiounen an Ängscht, déi jo duerch d’Pandemie leider massiv an d’Luucht gaange sinn.

A wéi sot de bekannten däitschen Dichter Jean Paul? „D’Fréijoer kënnt ëmmer dann, wann een et am dréngendste brauch.“ An deem Sënn: Genéisst di nei Joreszäit!