Gehéiert Der zu deenen, déi kënne gedëlleg hiren Tour ofwaarden? Oder mengt Der och ëmmer an der Keess niewendru géing et méi séier weidergoen? D'Christiane Kremer probéiert emol der Rei no erauszefannen, wéi mer eis dacks do u Spréchwierder halen.

11/04/2021 Apropos "Der Rei no"

„Den Éischten ass vir“, dat ass esou e Sproch, deen een nawell gär aus der Täsch zitt, wann ee sech an eng Rei muss stellen an d'Chance huet, direkt bäizekommen – beim Buffet, bei der Keess oder soss engem wichtege Rendez-vous. Domadder entschëllegt ee sech da scho mol direkt beim Zweeten, Drëtten oder deenen nach hannendrun.
Vläicht hat ee sech och e bëssi virgedréckt an et hëlt een einfach emol mat deem Saz deenen aneren hannendrun de Wand aus de Seegelen, ier déi ufänken ze maulen. Souwisou ass dat mat där Reiefolleg och net ëmmer sou kloer. War een net wierklech deen Éischte bei der Téik? An et hat ee just net direkt gesinn, wou een den Ziedel mat der Nummer misst huelen? A schwupps war en anere vir.
Vläicht war een och esou frëndlech, datt een en anere virgelooss huet, nom Motto „Kommt, Dir sidd méi presséiert wéi ech“. Ob dat ëmmer frëndlech gemengt ass oder och emol e gehässegen Ënnertoun kann hunn, ass dann eng aner Fro.
An och wa mer an de leschte Méint geléiert hunn, an der Rei ze stoen, si mer nach laang net esou geüübt dra wéi d'Britten: „Is this a line?“ Sou kléngt déi brittesch Variant beim Waarden.
Souguer beim Sport ass „den Éischten net ëmmer vir“ oder bleift et net op Dauer. Et muss ee mol fir d'éischt de Video-Assistent oder d'Doppingkontroll ofwaarden.
Jo, et geet net ëmmer „wéi bei der Äppelfra“, fir en anere Sproch ze beméien. Net ëmmer kënnt een nom aneren der Rei no drun. Anscheinend och net bei der Impffra oder dem Impfmann, wéi mer jo an de leschte Woche gewuer goufen.
Iwweregens, ass Iech och schonn opgefall, datt beim Saz „Ech gi muer geimpft“ direkt gefrot gëtt, ob deen, deen dat gesot huet, da wierklech schonn esou al ass. Dat kléngt jo mol no Kompliment, oder awer éischter no Jalousie? Bestëmmt verstoppt sech heiansdo dat eent hannert deem aneren.
A well ech et mat de Spréch hunn, ass mer där Deeg nach een agefall, wéi ech déi dach skurril Zeen zu Ankara gesinn hunn, bei där den tierkesche Regierungschef, dee jo net grad bekannt ass, d'Rechter vun de Fraen ze schützen, einfach emol d'EU-Kommissiounspresidentin do stoe gelooss huet, ier se sech méi wäit ewech op de Kannapee huet musse setzen, well et nëmmen zwou Fotelle gouf, fir hien an den EU-Rotspresident.
De Sproch ass iwweregens: „Ladies first.“ Och wann e reng gesellschaftlech an gendergerecht ausgedéngt huet, sollt een en awer net vergiessen, wann en ubruecht ass: Politesch huet d'Madamm von der Leyen nämlech och an déi éischt Rei an an eng Fotell gehéiert. Souguer wa gewosst ass, datt dat dem fréieren EU-Kommissionspresident och alt geschitt ass.