Männer froen net nom Wee. Dat ass méi wéi nëmmen eng Floskel. Eng Etüd weist, datt 26 % vun de Männer op d’mannst eng hallef Stonn ronderëm ieren, éier se e Passant no Informatioune froen. Männer fuere mam Auto pro Joer 442 km Ëmwee, well se de richtege Wee sichen. An dat trotz Navi. Am Apropos vun haut beschäftegt sech de Guy Seyler mat dësem Thema:

Apropos: Männer froen net nom Wee

Dat läit - esou mengen ech -  an der Natur vum Mann. E richtege Mann brauch keng Hëllef vun aneren. Dee kann dat ganz eleng. Alles anescht ass en Ageständnis vu Schwaachheet. A wat fir e Mann wëllt dat schonn zouginn.

Dat gëllt iwwregens och fir aner Beräicher.  Ob an der Schoul oder op der Aarbecht: e Mann wëllt net agestoen, datt hien eppes net richteg verstanen huet oder eppes net méi weess. Déi Bléist gëtt e Mann sech net.

Och bei den Dating Portaler siche méi Fraen e Kontakt, wéi Männer. De Mann scheit sech dacks, dëse Schratt an d‘Ëffentlechkeet ze goen.

D’Geschicht weist eis, datt dat eigentlech nach ëmmer esou war. An der Bibel steet, datt de Moses 40 Joer laang ënnerwee war, fir d’Israelitten aus Ägypten an dat geloobte Land Kanaan ze féieren. Loftlinn waren dat just 400 km.

Wann de Christophe Kolumbus viru méi wéi 600 Joer nom Wee gefrot hätt, da wier hie vläicht u sengem eigentlechen Ziel Indien ukomm. Da géifen et haut och keng Diskussiounen iwwer den Numm vun den Urawunner vun Amerika ginn.

Ganz vill Leit ginn an dëse Pandemiezäite spadséieren. Si sichen sech e Circuit, oder wéi déi Däitsch soen, e „Rundwanderweg“ eraus. Béis Zonge behaapten, déi wiere bestëmmt vu Männer ugeluecht ginn. Well nëmme Männer kënnten trotz Wanderkaart a Kompass am Krees ronderëm lafen.

Onnëtz ze soen, datt et e Mann war, deen 1993 den Navi erfonnt huet. Werner Liebig huet e geheescht.

Deen Apparat ass net ëmmer eng Hëllef. Mee et ass e Grond méi, net nom Wee ze froen.