Ween hat geduecht, datt eng Pandemie an dat och nach am Joer 2020 eis e Stréch duerch d'Rechnung géif maachen. Och wann et wierklech nach ëmmer Mënsche ginn, déi maache wéi keng do wier, ass se awer do, nach ëmmer! Ma spéitstens duerch déi vill Restriktioune fir de Virus iergendwéi awer meeschter ze ginn, ass et och deem Bornéiertsten opgefall, dat eng Urgence ass. Dem Marie Gales maachen sou Reegelen näischt aus, ganz am Contraire souguer.

Apropos Endlech Rou

Et géif een et kaum gleewen, mä ech sinn e Mënsch, dee gären eleng ass an doheem. Bon richteg eleng sinn ech net, si jo bestuet an awer war de Rescht vum soziale Liewen op en Enn, wéi Corona koum. Mech huet dat ''Doheem bleiwen'' Ufanks der Pandemie net immens gestéiert. Endlech konnt ech mol dat maache wat ech wollt, doheem sinn. Näischt maachen, also net elo richteg näischt maachen, mä Kreuzworträtsel maachen, liesen, raumen an dat a gogo, immense Kabes an och nees mol Liblingsfilmer op der Tëlee kucken, an iergendwéi keen anere Mënsch richteg gesinn. An och guer net vill schwätzen, endlech Rou. Keng Froe beäntwerten oder eng Meenung zu eppes hunn.

Natierlech hunn elo hei reng vu menger Fräizäit erzielt, well dernieft hunn ech jo och geschafft an genee vun deem wat ech elo opgezielt hunn, do de Contraire gemaach. Duerch en neit Organiséiere wéi geschafft gouf, duerch en Home Office, deen ee just vum Héiere soe kannt huet, duerch nei Softwaren a Supporten, un déi ee sech huet missten gewinnen, hunn ech nonstop telefonéiert, geteamst oder gezoomt. Alles nach méi ustrengend.

Just am Feierowend a weekends koum dann déi Rou, un déi ech net gewinnt war an déi ech mir gewënscht hunn. Vill Mënschen huet dëse Stëllstand aus der Bunn gehäit an dat op villen Ebenen. Mech elo net, obwuel ech mir bewosst sinn, datt et sou e Liewen net ka ginn. Ze vill Rou féiert zu Lethargie an do muss een sech da ferm rappe fir iwwerhaapt nees an d'Gäng ze kommen. Ech weess vu wat ech schwätzen.

Sou géing d'Welt och ze Gronn goen. Leider ass Stress scho wichteg fir datt eppes op der Welt geschitt a fir datt et viru geet.

Mä ech gouf mir bewosst, datt nieft der Aarbecht och meng Fräizäit viru Corona mat Amenter ze vill stresseg war. Ze vill ugeholl an ze vill ënnerwee. Dertëscht och nach séier lafe goen an e Risen Event plangen, ganz blöd, muss ech schlussendlech agesinn. Ech denke scho mat Schrecken drun, datt dëst alles nees erëmkënnt. Well iergendwann ass dës Pandemie op en Enn an domadder och nees meng Rou.

A Virsätz wësst Dir jo wéi laang se halen.