Viru kuerzem hunn den Ëmwelt- an Agrarministère eng nei Campagne géint de Littering ugekënnegt. Och zu Lëtzebuerg ass Offall am ëffentleche Raum, also laanscht d’Stroossen a Weeër, op Wisen, a Parken an a Bëscher e seriöe Problem. An dee beschäftegt och d’Josiane Hoffmann a sengem Apropos vun haut.

Am Joer lande pro Kilometer 103 kg Offall laanscht eise Stroossen. Laanscht d’Autobunnen ass et mat 216 kg Dreck souguer méi wéi dat Duebelt.

Ech muss soen, wann ech sou Zuele liesen, mécht mech dat immens ongehalen. Ech denken, wéi Dir sécher och, un all de Mikroplastik, all di gëfteg Substanzen, déi hei am Buedem an an de Flëss landen... A schliisslech op Ëmweeër nees bei eis selwer, well se an de Planzen an Déieren ze fanne sinn, déi mir iessen, an am Waasser, wat mer drénken.

An da kënnt den ekonomeschen Impakt dobäi. Wat kéint een net alles Sënnvolles mat där Millioun Euro maachen, déi zu Lëtzebuerg investéiert gëtt, fir de Leit hannendrun ze botzen! Et denkt een un d’Baueren, déi hir Béischten an hir Sue verléieren, well iergendeen alt erëm liichtfankeg seng Colasbéchs an d’Wiss gehäit huet.

Iergerlech ass och de Maskelittering. Obwuel op ville Plazen all puer Meter Poubellë stinn, schéngt et fir verschiddener eng extrem Erausfuerderung ze sinn, dës ze benotzen. Hir Masken „dekoréieren“ dann eben den Trottoir. Ech ginn z.B. mat mengem Hond vill an de Bësch. Mee souguer op den entleeënste Plaze trëlle Masken. Et gesäit jo keen et, wann den ziviliséierten a wuel gréisstendeels erwuessene Mënsch am Grénge mol e bësse méi „labber“ gëtt.

An dann di léif Zigarettereschter! Iwwerall leie se. Trotz den 145 Euro, déi et – zumindest an der Theorie - dofir ze bleche gëllt. Et ass jo just een eenzege Stomp, just di eng Kéier... A sou komme pro Joer weltwäit an der Moyenne iwwer 500 Millioune Kilo Stëmp zesummen. All Stomp brauch wéinst dem Plastik am Filter bis zu 15 Joer, fir sech ze zersetzen.

Et ass wuel ganz naiv, mee ech soen et lo awer: Wier et net un all Eenzele vun eis, deeglech seng Responsabilitéit ze huelen a säi Knascht dach einfach an di nächst Poubelle ze geheien?! Souguer wa se e puer Meter méi wäit ewech steet.