Haut ass jo net nëmme Sonndeg, mee och Feierdag. Den Europadag, als Erënnerung un déi historesch Ried vum Robert Schuman um selwechten Dag 1950. Fir d’Accorde vu Schengen gi mir uechter d’Welt beneit an da si mir och scho beim Thema: de Camille Ney schléit d’Bréck tëscht Europa an der Jalousie...

Apropos vum Camille Ney: Näid ouni Grenzen

A sech wollt ech Iech haut um Europadag eng Anekdot aus dem Joer 1989 erzielen, déi ech mat ville Kolleegen e puer Deeg nom Fall vun der Berliner Mauer an der Villa Louvigny erlieft hu, wéi op eemol Trabien aus der DDR virun der Dier stounge, fir d’Kolleege vum däitsche Radio ze gesinn. Wat hu mir eis fir déi Leit gefreet a waren houfreg, dass hiren éischte Wee si op Lëtzebuerg gefouert huet? Dat fir drun ze erënnere, wéi dankbar mir och haut nach ëmmer musse sinn, dass d’Grenzen op sinn an dass mir, an eiser aler Normalitéit, konnte reese wéini a wou mir wollten. An hoffentlech och geschwënn nees kënnen! Mee firwat hunn ech deen europäesche Gedanke an all déi schéi Souvenire, fir déi mir sollen a mussen dankbar sinn, zeréckgestallt, fir elo aner Iwwerleeungen hei ze féieren? Well ech des Woch alt nees méi wéi déi europäesch Stäre gesinn hunn! Esou bal een ufänkt iergendwellech digital Commentairen ze liesen (an deem Kontext kann ech iwweregens nëmmen all Start-Up recommandéieren Detox-Couren unzebidden – ech ginn Ären éischte Client), dann huet een d’Gefill, dass d’Jalousie an de leschte Méint nach zougeholl huet! Ass et well ee méi laang doheem war an dem Noper säin neie Gaart, den neien Auto, de Liwwercamion mat der neier Kichen, den neie Miwwelen, der neier Schwämm, dem neien digitale Frënd oder der Frëndin oder – nach schlëmmer - seng Vakanzefotoen aus der Karibik huet missen iwwer sech ergoe loossen oder dass e scho geimpft ass?! Gutt dass Facebook an Instagram nach keen Domm no ënne bäigesat hu, well deen hätt wuel Héichkonjunktur gehat.

Wat féiert de Mënsch derzou sengem Matmënsch näischt ze vergonnen? Den Näid gëtt dacks mat der grénger Faarf duergestallt, mee déi meescht gesi rout! Wéi eng Hormoner spillen do verréckt? Wann een no Erklärunge googele geet, da liest een, dass dat Gefill vum „Ech wëll dat, wat deen huet!“ wuel schonn op den Apel an der Bibel zeréck geet. An deen Ee wëll emol net onbedéngt den Apel, mee just, dass deen Aneren en net méi huet. Dat ass jo och nëmme fair, well een e selwer net huet. Experte hunn zum Beispill festgestallt, dass de Kommunismus wuel aus dem Näid eraus entstan ass: wann der Allgemengheet alles gehéiert, also kengem Eenzelen eppes, dann huet jidderee grad esou vill, also näischt, mee ech am Meeschten.

Wéi sot schonn de Molière: de Jalouse stierft, mee den Näid bleift hei. A sech kann een also roueg soen, dass d’Jalousie déi schlëmmste Krankheet vun allen Zäiten ass, kee Kraut dergéint gewuess ass an esou am Fong vun der Gesondheetskeess misst bezuelt ginn. Mee dann hu mir nach ganz aner Problemer. Schued op alle Fall, dass et nach keen Impfstoff géint de grenzelosen Näid gëtt, dat wier elo gutt anengems gaang...