Woumat hudd Dir Iech an de leschten Deeg esou beschäftegt? Villäicht hudd Dir jo datselwecht gemaach wéi d'Bea Kneip. Well bei him war dëser Deeg grouss Fréijorsbotz ugesot.

Apropos: Fréijorsbotz

Et ass eppes wat ee jo gären emol opschuppt. Mä ech hat mer fest virgeholl fir doheem emol grëndlech ze raumen, ze botzen an och e puer Miwwelen ze réckelen. "Alles neu macht der Mai" soen se jo déi Säit der Musel. Nujee, ech ginn zou, d'Marie Kondo géif bei mir doheem verzweiwelen, et war also net vu Mutwëll. Eigentlech kéint een Opraumen mat engem Shoppingtour vergläichen. Et fënnt ee Saachen vun deenen een emol net méi wousst, dass een se hat. Aner Saachen fënnt een einfach nëmme schrecklech, an déi landen dann, je no Zoustand am Recycling oder an der Dreckskëscht. An dann ass et natierlech ëmmer och en Ausfluch an déi eege Vergaangenheet. Fotoen, Bréiwer, Erënnerungsstécker, o je, wéi laang ass dat hier? An hat ech d'Hoer deemools wierklech esou, déi Zäit, an den Achtzeger? Schéi Momenter a manner schéiner pechen un all Objet deen engem an de Grapp fällt. An heiansdo verléiert een sech e bëssen an den Erënnerungen déi dobäi opkommen. Mä dann ass et nees fir Gas ze ginn, et hat ee jo net geplangt fir de ganzen Dag duerch e Fotoalbum ze bliederen oder sech an engem Buch festzeliesen. An Owes ass et dann e schéint Gefill, wann een nees e wéineg méi Uerdnung a sengem Doheem huet, a villäicht och e bësse méi Plaz.

Gewëss, et gi méi wichteg Themen déi eis den Ament an Otem halen, an ech hätt och genuch ze schreiwe gewosst. Iwwert Corona, Masken, Ofstand an Impfungen, hei an iwwerall op der Welt. Iwwer Restauranten, Terrassen a Schnelltester, zum Beispill. Oder iwwer d'Sécherheetsgefill an der Stad, Autoen a Vëloen, an, net ze vergiessen, och d'Foussgänger. Mä haut wollt ech emol einfach...viru menger eegener Dier kieren.