Hat dir scho Gebuertsdag oder kënnt en eréischt. Egal wéi, ech si mir sécher, datt en – Corona-bedéngt - méi bescheiden ausgefall ass oder nach ausfält, wéi soss. Munch Leit arrangéiert dat, well si et mam George Bernard Shaw halen. Dee sot: „Nëmmen en Domme feiert, datt e méi al gëtt“. De Guy Seyler ass där keen.

Apropos Gebuertadag am Alter

Ech kenne vill Leit a mengem Alter, déi dësem Festdag aus de Féiss ginn. Dat ass gutt fir déi Jonk. Et heescht jo net fir näischt „Gebuertsdagskand“. Mat 70 ass dat kee Feierdag. Et ass éischter en Dag, deen een e Schratt méi no bei d’Graf bréngt.

Wann een esou pessimistesch denkt, dann ass een al. Dann huet een d’Freed um Liewe verluer. Ech gesinn dat anescht.

Geschwënn hunn ech Gebuertsdag, an ech freeë mech drop. Ech huele mir Zäit, mech ze erënneren. U vill schéin, an och manner schéi Momenter. Fir mech ass deen Dag mëttlerweil e Privileeg. Ech freeë mech, datt ech nach do sinn. An ech denken och un déi vill Frënn a Bekannten, déi d’Chance net haten, esou al ze ginn.

Ass den Alter dann esou schlëmm?

Et gëtt dach eppes, wat een „Altersweisheet“ nennt. Bei ville Saachen steet een driwwer, a geet domat onnéidegem Stress aus de Féiss.

Ech hu keng Gedold méi, Diskussiounen mat onflexiblen a beschränkte Leit ze féieren. Ech muss net méi jidderengem gefalen.

Gutt Rotschléi ginn ech keng, well déi wëllt souwisou keen héieren. Do sollen déi Jonk hier Erfarunge selwer maachen.

Ech hunn och kee schlecht Gewëssen, wann ech emol näischt maachen. Ech beruffe mech dann op de Somerset Maugham, dee sot: „Et war esou e schéinen Dag, et wier eng Schan gewiescht, opzestoen“!

Déi Frënn, déi ech am Alter behalen hunn, op déi kann ech mech verloossen. Et sinn och déi, déi ee mat Respekt behandelen. An déi ee verstinn, wann ee vu senge Boboen erzielt. Déi gi leider net manner.

Net ze vergiessen sinn d’Enkelkanner.  Do kann ee villes nohuelen, wat een als gehetzte Papp verpasst huet. An déi komme voller Freed mat enger schéiner Zeechnung bei de Bopi op säi Gebuertsdag - wann och mat Schnelltest.