Wann ee Wuert an de leschte Méint eng schlecht Connotatioun kritt huet, dann ass et pardoxerweis just dat Wuert, wat vu sech aus genau de Géigendeel wëll soen. "Positiv" versprécht eppes Optimistesches, eppes Guddes. Mä eeben net ëmmer. D'Christiane Kremer probéiert, positiv ze sinn am Apropos vun haut.

Ech si bis elo derlaanscht koum, bis elo stoung an allen SMSen, déi ech no engem PCR-Test geschéckt krut: negativ an dat ass u sech jo positiv. Och soss sinn ech éischter e positive Mënsch, ausser an der Bluttgrupp. Do sinn ech souguer Universalspender, also och éischter positiv, trotz negativ. Mä fir Iech elo net nach méi duercherneen ze maache mat deem ganze Wuertgespills, probéieren ech mech emol z'erklären: ëmmer wann ech dës Rubrik preparéieren, froen ech mech oder lauschteren a mech eran, wat mech dann elo am meeschten a leschter Zäit beréiert huet.

An dunn ass mer opgefall, datt mer dës Kéier eebe just Saachen an de Kapp komm sinn, déi mech betraff, erféiert oder just genervt hunn: schlecht Wieder, Onrouen am Noen Osten, en "entfouerten" Fliger zu Minsk ... an och nach déi eng oder aner traureg Nouvelle am privaten Ëmfeld.

An och wann ee jo sou lues Liicht um Enn vum Corona-Tunnel gesäit, hunn ech mech - fäerdeg geimpft - awer erwëscht, datt ech schlecht drop war, néiergeschloen, rosen, bal schonn demotiviert. An da kann ech mech selwer guer net ausstoen.

Dofir hunn ech mech gezwongen dat Positiivt ze gesinn; wéi de Reen, dee mécht, datt d'Natur scho laang net méi sou schéi war an datt een net schonn nees muss den Zeenario vun der extreemer Dréchent am Kapp hunn.

Oder d'House of One zu Berlin, an dat eng Kierch, eng Synagog an eng Moschee drakommen an d'Leit friddlech hir Relioun kënnen ausüben.

Oder d'EU, déi sech fir eemol direkt zu 27 eens ginn ass fir sech dergéint ze wieren, datt europäeschen Territoire (an engem Fliger) quasi violéiert gëtt.

Frankräich entschëllegt sech am Ruanda, Däitschland entschëllegt sech an Namibia fir hir negativ Rollen, déi se bei Genociden un der Bevëlkerung an der Vergaangenheet gespillt hunn.

An nach méi aus de leschte Wochen: Lego setzt op Diversitéit a bréngt Männercher an alle Reeboufaarwen eraus an an Afghanistan duerfen d'Meedercher nees an der Ëffentlechkeet sangen, nodeems d'Regierung esou e Verbuet no vill Kritik réckgängeg gemaach huet...

Ech kéint elo weiderfueren, mä sou laang ass dës Rubrik jo net. An d'Lëscht ka laang ginn, wann een no Positivem sicht. Sicht emol selwer, Dir wäert mierken, wéi gutt dat Iech deet. Bal sou gutt wéi d'SMS mam Test-Message "Negativ".